Meeschtens huele mir eng Aspirin, wann eis de Kapp sou richteg gutt wéi deet. Ma déi kleng Tablette kann awer och nach anescht Wonner wierken. Et ass nämlech en richtegt Multitalent.

26/08/2019 Aspirin hëlleft net nëmmen bei Kappwei

Grond dofir ass de Wierkstoff, deen an der Aspirin enthalen ass. D'Acetylsalicylsäier, kuerz ASS, ass déi chemesch Zesummesetzung vun engem Wierkstoff, deen ee soss an der Natur fënnt. Nämlech d'Schuel vun der Weed. Déi ass bekannt fir hir heelend Wierkung.

Net nëmmen dem Mënsch kann se hëllefen nees gesond ze ginn, och Blummen bleiwen duerch Aspirin am Waasser méi laang frësch an dat obwuel vereenzelter schonn de Kapp hänke loossen. Eng Pëll geet duer, fir dass bei de Planzen en natierlechen Alarm ausgeléist gëtt, deen se géint extern Ugräifer schütze soll.

Ma och fir eis Kleeder kann Aspirin gutt sinn. Schweesst ee vill ënnert den Äerm, da kann et leider mol virkommen, dass Ären wäissen T-shirt oder Äert wäisst Hierm giel Flecken kritt. Ma ab elo sinn déi passé. Dofir léist een eng Aspirin am Waasser an schmiert déi Flëssegkeet op de Fleck, léist dat e puer Minutten awierken an geheit et dann normal an d'Maschinn fir ze wäschen.

A wann ee seng Hoer schonn eemol blond gefierft hat, dee weess, dass wann ee net gutt genuch oppasst, wéi zum Beispill mam Chlor an der Piscine, dass ee méi schnell en grénge Schimmer an den Hoer huet, wéi ee kucken kann. Ma deem sief elo och mat Aspirin gehollef. D'Aspirin gëtt dofir nees am Waasser opgeléist an dann an d'Hoer amasséiert a fir 15-20 Minutten awierken gelooss ier et ausgespullt gëtt. Duerno nach eng zousätzlech Mask op d'Hoer, fir dass se gutt hydratéiert ginn. Et voilà, se sinn nees wéi nei.

Ma och géint Pautschen kann Aspirin hëllefen. Léist dofir 5 Aspirin Pëllen a Waasser an am Jus vun enger Zitroun op an masséiert Iech dat an d'Gesicht an dann 15 Minutten wierken loossen. An déi selwecht Maske kënnt Dir och fir den Houf un de Féiss huelen.

An souguer géint Waarzelen kéint Aspirin hëllefen. Dofir schneit ee Lach an eng Plooschter an pecht d'Plooschter sou op d'Plaz, dass d'Waarzel frei bleift. An genee op déi Plaz soll een dann eng Aspirin kleng maachen an direkt op d'Waarzel mat enger zweeter Plooschter pechen. Widderhuelt dee ganzen Prozess 3 Deeg laang an d'Waarzel wier verschwonnen.

An och beim Botzen hëlleft Aspirin, zum Beispill wann un Ärer Buedbidden oder Ärer Dusch ellen Flecken duerch de Kallek bleiwen. Dofir misst een 5 Tabletten mat Waasser mëschen an dann an eng Douse fëllen, fir op déi verknaschten Plazen ze sprayen. No 30 Minutten soll et dann nees wéi nei ausgesinn.