Dat behaapt op mannst emol d'Biologin Monica Gagliano. Si ass iwwerzeegt dass Planzen méi drop hunn ewéi mir mengen. Virun allem d'Ierbes ass net ze ënnerschätzen.

19/08/2019 Planzen kann een ewéi en Hond trainéieren

Eng jonk Ierbes gouf mat bloer Luucht bestraalt. Blo Luucht ass Energie, an Energie ass d'Viraussetzung fir d'Photosynthes, mat där d'Planz Zocker ofbaut. D'Ierbes huet op déi Manéier geléiert hier Blieder no a no an eng neutral Positioun ze bréngen wann d'Luucht aus war. An enger zweeter Phas koum e Ventilator dobäi, deen aus där Richtung geblosen huet aus där och d'Luucht koum. An tatsächlech: Wéi et zwar nach geblosen huet, déi Luucht awer aus war, huet d'Ierbesseplanz hier Blieder an déi Direktioun ausgeriicht. D'Planz léisst sech also, ähnlech ewéi en Hond, konditionéieren.

Och Mimosen kéint een eppes bäibréngen. Bei Gefor rullen déi jo hier Blieder zesummen, dat soll Feinden ofschrecken. Den Trick kascht d'Planz awer vill Energie an dofir dierf se sech net ze dacks zesumme rullen. Och do huet d'Wëssenschaft gefuerscht: Mimosen goufen an engem Dëppe gehalen a reegelméisseg  aus 15 Zentimeter Héicht erof fale gelooss. Um Ufank hu se hir Blieder nach zesummegezunn, mä iergendwann hu se et si gelooss. Och erëm eng Reaktioun, déi d'Planz geléiert huet: 'Et ass keng Gefor wann ech falen.'

E puer Zorte Beem léieren och. Si späicheren Evenementer ewéi eng Dréchent oder e Befall duerch Insekten of, fir méi séier kënnen ze reagéieren am Fall wou dat nach eng Kéier virkéim. Natierlech kann een d'Reaktiounen net mat deenen vun engem Déier vergläichen: Ierbessen, Eechen oder Kaktussen hu kee Gehir a kee Nervesystem a verschaffen e Reiz vill méi lues ewéi zum Beispill eng Maus. An trotzdem ginn et och an enger Planz Stoffer ewéi Dopamin oder Serotonin. An duerch d'Blieder vun enger Mimos pulséiert elektresche Stroum. Och den Toun ass wichteg fir d'Planzen: d'Fuerscher hu nogewisen dass d'Konzentratioun vu Nektar an d'Luucht geet wa Beien an hiert Summen an der Géigend sinn. An esouguer d'Spëtze vun de Wuerzelen kënnen Téin erfaassen.

D'Fuerschung ass nach net wäit genuch mä eent ass sécher: Planze si komplex. Si erënnere sech net nëmmen, si kënnen och Décisiounen huelen. Als nächst wëllt d'Madame Gagliano erausfannen ob Planzen ënnerteneen kënne kommunizéieren.