Schonn zanter ville Jore probéiere si d'Leit dozou ze bréngen ofzehuelen an dat mat hiren eegene Produiten. Ma zur Zäit steet Weight Watchers staark an der Kritik. Elo wollt een déi ganz Jonk uschwätzen, ma dat ass no hanne lass gaangen. De Loïc Juchem mat den Detailer.

20/08/2019 Diät-App fir Kanner

Zanter enger Zäit ass d'Entreprise an enger Krise an huet sech elo probéiert nei ze erfannen, ënnert anerem mat engem neie Logo wollt een elo duerchstarten.
Ma den Ufank, deen ass hinnen awer scho mol net gelonge, vill Leit behaapten, datt si elo einfach ze wäit gaangen sinn. Si hunn elo eng nei Zilgrupp a wëlle virun allem Jonker tëscht 8 a 17 Joer erreechen.

<<Kurbo>>, sou heescht hir nei App a Kritiker warnen, dass een doduerch bei ville Jonken Iessstéierunge kéint ausléisen. Aner Leit hunn drënner geschriwwe:<<Wa Regimm elo an den Trend kënnt, da kommen och Iessstéierungen an den Trend.>> Weight Watchers betount awer, datt een déi Jonk nëmme motivéiere wëll, fir gesond ze liewen.

Op der Online-Plattform change.org gouf souguer eng Petitioun lancéiert, dës App misst sou séier wei méiglech vum Maart geholl ginn. Et wier einfach nëmmen onverantwortlech.
Den 13. August koum d'App eraus a mat verschiddene Faarwe weist se engem zum Beispill wat gesond ass a wat net. Et ass een also net méi beim fréiere System, wou Punkte gesammelt goufen.

Et gëtt awer och nach eng Funktioun, déi engem beim Sport hëllefe soll. A Form vun engem Video wéisst se engem wéi eng Übungen ee sollt maachen a wéi een sech dobäi soll uleeën.
<<Kurbo>> ass net nei, schonn 2014 war se fäerdeg entwéckelt a Weight Watchers huet se elo fir 3 Milliounen Dollar opkaaft an huet nach puer aner Funktiounen aktivéiert. Dorënner e Mediatiounsprogramm a Videoe fir ze kachen.