Seng Emissioun »Zwölf Uhr mittags« a säi Reesquiz »Ein Tag wie kein anderer« waren mat déi bekanntste Sendungen op RTL RADIO. Elo koum déi traureg Nouvelle, dass eis de Jochen Pützenbacher fir ëmmer verlooss huet.

24/08/2019 Jochen Pützenbacher (fäerdeg Versioun)

80 Joer hat de Jochen Pützenbacher de 9. Mäerz dëst Joer kritt. Zu Solingen an Däitschland gouf hie gebuer an 1970 koum de Coiffeursmeeschter a Maquilleur bei den RTL.

Séier gouf säin Talent erkannt an deen deemolege Programmdirekter Frank Elstner hat de beléiften Animateur 3 Joer drop zum Entertainement-Chef gemaach. 30 Joer hat hien hannert dem Mikro säi Bescht ginn a wousst och virun der Kamera an op der Bün ze brilléieren. Seng Stëmm a seng Manéier ware méi wéi beléift a seng positiv Ausstralung mat enger Portioun Humor, Geloossenheet a Wëssen huet den Nolauschterer ëmmer nees gefall. 

Zoufälleg wier hie bei de Radio komm, ni wier dat säi Wonsch gewiescht an deem Beruff ze schaffen. Mä wéi e Blutt geleckt hat, koum en net méi dovunner lass.

Wéi hien 1996 an d'Pensioun gaange war, hat hien du jonk Kollegen gecoacht an deene bäibruecht wéi ee Radio mécht. Dat wier fir hien e Risespaass gewiescht. ''Radio mécht ee mam Häerz!'' dat war dem Jochen Pützenbacher seng Devise.