Den 30. August 1955, also viru 64 Joer, ass den Helge Schneider zu Mühlheim an der Ruhr op d'Welt komm. Scho fréi huet hie seng Begeeschterung fir Musek gewisen; mat nëmme 5 Joer hat hie Piano gespillt a mat 12 hat hien mam Cello ugefaangen. 100 Sekonne huet Jil Arend fir op dem Helge Schneider säi Liewen zeréck ze kucken.

30/08/2019 100 Sekonnen: Helge Schneider

An der Schoul war den Helge Schneider Ufanks nach e Musterschüler, mee den Interessi fir ze léieren hat e séier verluer. Drogen sollen heifir den Grond gewiercht sinn. 1971,am Alter vu 16 Joer brécht en d'Schoul of. E probéiert et mat enger Léier als Bauzeechner. Mee och dëst sollt net fir laang sinn. 1972 kritt en Chance zu Duisburg am Conservatoire fir Piano ze léieren. No just 2 Semester geheit en och do d'Bengele bei d'Tromm. Fir awer puer Frang ze verdéngen, schafft en niewebäi als Landschaftsgäertner, Dekorateur, Déierefleeger a Polsterer.
1977 fënnt en de Wee zeréck bei d'Musek a steet zesumme mat der Band "Bröselmaschine" op der Bün.
Seng éischt Duechter kënnt 1982 op d'Welt, an den Helge Schneider muss elo eng Famill ernären a geet op d'Sich no enger méi rentabeler Aarbechtsplaz. Fir d'Band "Marie Deutschland", déi am Ufank vun hirer Karriär steet, schafft en als Studio-Museker.

Als Co-Moderator bei der Fernseh- a Museksendung "Off-White" sammelt de Museker éischt Erfarungen virun der Kamera. Dem Helge Schneider seng Schauspiller-Karriär fänkt 1986 un. E kritt d'Haaptroll am Werner Nekes sengem Film "Johnny Flash". D'Joer drop bréngt en säin éischten eegenen Kuerzfilm, mam Titel "Stangenfieber" op de Marché. 1989 kënnt en éischten Duerchbroch; mat "Die singende Herrentorte" kann en éischt Erfolleger als Solo-Kënschtler feieren. Op der Bün performt hien eng Mëschung aus Jazz-Musek, Parodien vu bekannten Schlagersänger an absurde Geschichten.
1994 gëtt den Helge Schneider duerch säin Optrëtt bei der Sendung "Wetten, dass...?" vun Millioune Leit gesinn. Et dauert net laang bis säi Lidd "Katzenklo" op d'Nummer 1 vun den däitschen Charts klëmmt.

Dem Helge Schneider seng Programmer kruten ëmmer méi Succès a säin Album "Es gibt Reis, Baby" kann eng gëlle Schallplack gewannen. Zur selwechter Zäit probéiert de Kënschtler sech och eng éischte Kéier als Auteur. A senge Bicher ermëttelt de Kommissar Schneider a ganz dubiéise Fäll. Mam Film "Texas - Doc Snyder hält die Welt in Atem" gëtt de Kult ëm seng Persoun nach méi grouss! Ze grouss. Den Helge Schneider zitt sech aus der Ëffentlechkeet zeréck an no 2 Joer Paus ass en erëm do: als Museker, virun an hannert der Kamera an och an den Theateren. An zanterhier kann en een Erfolleg nom aneren feieren!