122 Joer; esou al ass deen eelste Mënsch op der Welt ginn. De Rekord hält eng franséisch Fra. Mee wéi al kann e Mënsch maximal iwwerhaapt ginn?

02/09/2019 Wéi al kënnen Mënschen maximal ginn?

Well eis Medezin, eis Hygiène an och eis Ernierung ëmmer besser ginn ass, liewen d'Mënschen am Duerchschnëtt hautdesdaags méi laang. An och wann den eelsten Mënsch, dee bis dato gelieft huet, 122 Joer al ginn ass, ass dat statistesch gesinn nach net den maximalen Alter, deen en Mënsch kann erreechen.

Ab dem Teenageralter klëmmt d'Wahrscheinlechkeet vun Joer zu Joer ze stierwen. Ab dem 60. Gebuertsdag verduebelt sech de Risiko ongeféier all 8 Joer. Géing deen Trend bis an den héijen Alter unhalen, da géing de Mënsch iergendwann un seng natierlech Altersgrenz stoussen an d'Wahrscheinlechkeet ze stierwen, géing bei 100% leien. Mee fréier Fuerschungen hunn erausfonnt, dass bei Mécken an Wierm, ab engem gewëssenen Alter d'Wahrscheinlechkeet ze stierwen d'selwecht bleift.

En Fuerscherteam aus den USA an Italien wollt dat och beim Mënsch méi genee ënnert d'Lupp huelen an si hunn dofir demografesch Zuelen vum italieneschen Statistik-Amt ausgewäert. Knapp 4000 Leit sinn tëschent de Joren 2009 an 2015 105 Joer al ginn. Dobäi hu se erausfonnt, dass bis een 105 Joer al ass, de Risiko ze stierwen ëmmer weider klëmmt. An duerno bleift de Risiko onverännert. En 111 Järegen huet also genee déi selwecht Chancen, nach säi nächsten Gebuertsdag ze feieren, wéi en Mënsch, deen 105 Joer al ass.

De Fazit vun de Fuerscher ass, dass ab engem héijen Alter nëmmen nach déi Leit liewen, déi déi héchsten Fitness hunn. An et wier och eng Tatsaach, dass ëmmer méi Leit hiren 105. Gebuertsdag géingen feieren.