Ananas ka vill méi ewéi nëmme gutt schmaachen. Fréier war se schonn e Geheimtipp fir eng gutt Figur. An och haut fannen erëm ganz vill Leit zeréck bei d'Ananas, well se mécht gesond a schéin.

03/09/2019 Wat d'Ananas alles kann

Fänke mer emol direkt u mat der Schéinheet: Nieft Vitamin C fënnt een och vill Mangan an der Fruucht an déi zwee zesummen sinn dofir zoustänneg dass esou richteg vill Collagen an der Haut produzéiert gëtt. Dee suergt dofir dass se gestäerkt gëtt a mer laang jonk a glat ausgesinn. Och d'Hautschicht baussen ka geschützt a n esouguer regeneréiert ginn, zum Beispill dann wa se ze vill Sonn ofkritt huet. Esouguer bei Altersflecken kann d'Ananas hëllefen, d'Plazen kënnt Der einfach reegelméisseg mat e bësse frësch gepresste Jus areiwen.

Cellulite ka keen ewech zauberen, och keng Ananas, mä duerch si entschlaakt an entgëft de Kierper méi. Dat geschitt duerch den héijen Undeel u Bromelain, e natierlechen Enzym, deen och d'Eewäiss am Mo deelt a bei der Fettverbrennung hëlleft. Wat awer elo net heescht, dass Der Iech sech soll op den eesäitegen Ananas-Régime stierzen. Mat deem hëlt een zwar séier of, dobäi handelt et sech awer ëm méi Waasser ewéi Fett.

D'Ananas kann och Leit ënnerstëtzen, déi ënner Hoerausfall leiden. De Vitamin C verhënnert dass d'Hoer engem ausginn, an duerch de Bromelain ginn et manner Infektiounen un der Kapphaut, iwwerhaapt hëlleft dee gutt bei Entzündungen. Gläichzäiteg gëtt d'Hoer mat ville Vitalstoffer versuergt a gëtt op déi Manéier méi staark a méi elastesch. Nach dobäi reegt d'Ananas de Stoffwiessel un an esouguer wann een erkaalt ass kann een drop zeréck gräifen, well de Bromelain och de Schläim léist. A nach e klengen Tipp zum Schluss: de Stronk an der Mëtt vun der Fruucht kënnt der roueg mat iessen wann e net ze vill haart ass, well do ass am meeschte Bomelain dran enthalen.

Iwwregens: An Amerika kritt een zanter 3 Joer eng aner Faarf Ananas ze kafen. Eng gen-manipuléiert Zort, déi bannendra rosa ass, déi sougenannt Rosé-Ananas.