D'grouss Vakanz ass laang an dat ass och gutt, fir datt d'Schüler sech kënnen erhuelen. Mee no enger laanger Paus ass et ëm sou schwéier erëm unzefänken. De Jeff Dondelinger mat e puer Tuyauen wéi de Schoulstart besser geléngt.

09/09/2019 Rentrée2019 (2) - Schoulalldag

Net nëmmen d'Kanner si gefrot, mee och d'Eltere mussen hiren Deel leeschte fir dat de Start an dat neit d'Schouljoer geléngt. Méiglechst fréi sollen d'Kanner erëm un de Schoul-Rhythmus gewinnt ginn. E gemeinsamt Moiesiesse mat der Famill ouni Hektik ass den ideale Start an den Dag. Eng gesond Ernierung, di gutt schmaacht ass gutt fir Kierper a Geescht a steigert d'Konzentratioun an Leeschtungsfäegkeet.

Fir d'Paus gëtt een de Kanner am beschte Vollkarbrout mat fettaarmer Charcuterie oder Kéis mat. Uebst a Geméis awer och Nëss sinn ideal fir den Energie Level am Dag ze halen. Drénken dierf awer och net vergiess ginn. E Kand brauch ongeféier 1 bis annerhallwe Liter Flëssegkeet pro Dag. Am beschte Waasser oder Téi ouni Zocker. Vermeit gi solle séiss  Liewensmëttel souwuel beim Iessen ewéi beim Gedrénks. Dës gi just kuerzzäiteg Energie an duerno kënnt d'Middegkeet. D'Ernierung soll awer ëmmer op d'Bedierfnisser vum Kand ugepasst sinn.

Ëmmer méi fréi froen d'Kanner no engem Handy, mee och d'Eltere wëllen dat hiert d'Kand  iwwerall erreegbar ass. Generell ass en Handy ab 9 Joer sënnvoll. Beim Smartphone soll een allerdéngs waarde bis d'Kand erwuesse genuch ass fir d'Gefore vum Internet ze erkennen. Generell gëtt vun Experten en Alter vu minimum 12 Joer proposéiert.

Op Mëttelen, di sollen d'Konzentratioun an d'Gehirleeschtung stimuléiere soll ganz verzicht ginn. Kanner brauche just Ënnerstëtzung, Erhuelung a genuch Beweegung fir de Schoulalldag ze meeschteren. Am Fall vu Schoulproblemer soll besser d'Gespréich mat de Schoulmeeschteren oder engem Schoulpsycholog gesicht ginn.

Angscht soll keen Deel vum Schoulalldag sinn. Spréch wéi „elo fänkt den Eescht vum Liewen un“ oder „dëst Joer bléist en anere Wand“ sinn extrem kontraproduktiv. D'Schoul ass wichteg, mee méi wichteg ass d'Wuelbefanne vum Kand.