De Problem vun ze schwéiere Schoulsäck ass scho säit Jore bekannt an trotzdeem gëtt net vill ënnerholl. De Jeff Dondelinger huet sech mam Thema ausernee gesat.

10/09/2019 Rentrée2019 4 D'Gewiicht vum Schoulsak

Wéinst den ënnerschiddleche Kierperen vun de Kanner ass et schwéier eng Norm fir d'Gewiicht vum Schoulsak festzeleeën, mee generell soll de Schoulsak ni méi wéi 10% vum Kand sengem Gewiicht weien. Anescht kann et zu Réckewéi, Muskel-Verspanungen oder souguer dauerhafte Schied un der Wirbelsail kommen. D'Schanke wuesse bis d'Enn vun der Pubertéit, bei Kanner ass dee Prozess nach net ofgeschloss an dofir ass eng falsch Belaaschtung ëmsou mi schlëmm.

Schonn all fënneft Kannt huet Problemer mat der Kierperhaltung. Bei déi ëmmer mi schwéier Schoulsäck kënnt derbäi, dat d'Kanner sech manner beweegen an d'Muskulatur doduerch mi schwaach ass. Meedercher sinn duerch eng manner staark Muskulatur och méi a Gefor Problemer mam Réck ze entwéckelen. All Form vu Beweegung kann hei hëllefen, zum Beispill zu Fouss an d'Schoul goen. Kanner verbréngen haut och méi Zäit am sëtzen, sief et an der Schoul oder virum Computer, wat eng weider Belaaschtung fir d'Wirbelsail ass. Jiddefalls soll een d'Kanner Eescht huelen. Wann e Kand iwwert Réckewéi klot, soll een d'Ursaache vun engem Orthopäd ënnersiche loossen. Réckewéi huet awer a ville Fäll keng physesch Ursaach. Stress ass ee vun den heefegsten Ausléiser vu Réckewéi.

Fir d'Belaaschtung ze reduzéieren kann een awer e puer Tipps berécksiichtegen. Virun allem bei de mi jonke Schüler sollen d'Eltere de Rucksak kontrolléieren. De Schoulsak sollt méiglechst breet a gepolstert Rimmer hunn. Dës sollen ugezu sinn, sou datt de Rucksak fest um Réck setzt. Labber Gurter, déi de Rucksak um Réck hänke loosse schueden der Wirbelsail zousätzlech. An de Schoulsak soll nëmme Material komme wat och wierklech gebraucht gëtt. Di schwéier Bicher sollen direkt beim Réck leien an di mi liicht Saache méi vir. An de Classeuren di matgeschleeft ginn musse net all d'Blieder vum Joer dra sinn, just déi, di nach aktiv fir den Unterrecht benotzt ginn. Eng aner alternativ sinn Trolley-Schoulsäck, di einfach op Rieder nogezu kënne ginn.