231 Forainen, 42 Manegen, 76 Restauratiounsbetriber a Snackbaren, a geschate gutt 2 Milliounen Visiteuren – dat sinn just e puer Zuelen déi d’Gréisst an den Opwand vun der traditioneller Schueberfouer beschreiwen. Den Owend geet di 679. Editioun op en Enn a fir d’Foraine fänkt dann de Stress ronderëm d’Ofbauaarbechten an den Transport op déi nächste Kiermes un. Ma net just fir d’Forainen ma och fir vill Mataarbechter vun der Stad Lëtzebuerg ass d’Fouerzäit eng stresseg Zäit. An dorëms geet dann den Owend am Top Thema Magazin.

11/09/2019 Ënnerwee mam Fouermeeschter