Ouni Fudder leeft de Moteur net, dat kann een och op eise Kierper an eist Gehir mënzen. Wee gutt funktionéiere wëll, muss iessen, gesond wa méiglech. Elo ass dat awer dacks net sou einfach Kanner moies un d'Iesse ze kréie wa si an d'Schoul ginn. Mir hu bei der Dieteticienne Nathalie Weber nogefrot wéi een dann elo am beschte virgeet.

11/09/2019 Rentrée 5 - Iesse fir gutt kënnen ze léieren

Et gëtt sou vill Guddes wat ee moies kann iessen, dat geet vun engem gesonde Müsli iwwert frëscht Uebst, firwat net e Smoothie bis zu enger gudder Schmier. Ville Kanner ass dat awer egal a si wëllen näischt iessen. Forcéieren huet do kee Wäert, seet d'Nathalie Weber; verschidde Kanner gëtt et souguer schlecht wa si dann nach an de Bus klammen an do gerëselt ginn. Uebst kann ee sengem Kand matginn, am beschten dat wat äert Kand gären ësst.
Schmieren sinn nach ëmmer immens beléift an do kann ee senger Fantasie fräie Laf loossen. Natierlech wëlle Kanner Schockelasbotter iessen, do sech virun Aen halen et ass d'Dosis déi wichteg ass bei allem wat een ësst. Dat gëllt net just fir Séissegkeeten.
Vun allem sollt een am beschten iesse fir gesond a monter an de Schouldag eran ze kommen.