D'Schoul ass wichteg, mee méi wichteg ass et gesond an der Schoul unzekommen. Eng nei Campagne vun der Sécurité Routière wëll deene Jéngsten d'Verkéiersreegele mi no bréngen.

10/09/2019 Rentrée2019 3 - Klenge Guide

De September kënnt méi no an d'Kanner mussen erëm an d'Schoul. D'Sécurité Routière huet zesumme mam Cactus eng Broschür erausbruecht mam Numm 'Klenge Guide fir op d'Strooss'. De Paul Hammelmann erkläert d'Konzept dohannert.
Kanner funktionéieren anescht ewéi Erwuessener a brauchen dofir och e spezielle Guide, de Code de la Route geet net duer. Si denken anescht an ënnerschätzen dacks d'Geforen.
D'Broschür ass zesumme mat Psychologen entwéckelt ginn a gëtt Tuyauen wéi een de Kanner d'Verkéiersreegelen am beschte bäibréngt. De Paul Hammelmann huet och eng ganz kloer Meenung dozou Ween de Kanner soll d'Reegelen am Verkéier bäibréngen. D'Kleedung an Accessoire sinn och ganz wichteg fir d'Sécherheet. Besonnesch an de méi däischtere Méint ass et wichteg gesinn ze ginn. Hei ka keng Récksiicht op d'Moud geholl ginn, d'Sécherheet geet vir.
Et seet e jo dacks de Wee wier d'Zil. An der Broschür gëtt sech och mam Wee beschäftegt. Dee kierzte Wee ass net onbedéngt dee beschten.

D'Broschür kënnt dir an all Cactus oder bei der Sécurité Routière gratis kréien.