E neien Trend, de sougenannten Cheat Day erlaabt et beim Regimm eemol d'Woch ze iessen an drénke wat ee wëll.

10/09/2019 Regime: ass en Cheat-Day sënnvoll?

Den Cheat Day ass keng nei Decouverte, mee e bekannte Konzept aus dem Héichleeschtungs-Sport. Een Dag Genéissen huet e positiven Effet op de Stoffwiessel an d'Psych. Dëst gëllt awer nëmme fir duerchtrainéiert Persounen. Éischtens motivéiert den Cheat Day per Belounung en strengen Ernierungsplang duerchzehalen. Zweetens winnt sech de Kierper net un di wéineg Kalorien an et kënnt net zu engem Stopp beim Ofhuelen.

Persounen mat Iwwergewiicht, Diabetis oder Stoffwiesselkrankheeten solle allerdéngs op en Cheat Day verzichten. Fir ontrainéiert Mënschen ass de neien Trend keng Optioun. Et ass wéi wann een héich Verschold wier, d'ganz Woch spuert an dann een Dag d'Woch sou richteg vill Geld ausgëtt. Eng Iwwerbelaaschtung mat Fetten, Kuelenhydrater an Zocker léisst de Bluttzockerspigel an d'Luucht schéissen. Duerch di grouss Quantitéit un Iessen gëtt d'Blutt fir d'Verdauung gebraucht a feelt op anere Plazen an et huet een e grousse Risk verstoppt ze ginn. Den Cheat Day kann och psychesch Konsequenzen hunn. Persounen déi d'ganz Woch héngeren, neigen dozou komplett ze iwwerdreiwen um Cheat Day. Dëst kann iwwert eng gewëssen Zäit zu enger Iessstéierung féieren.  

Wichteg ass beim Cheat Day, datt et a Moosse bleift. Sech emol eppes ze gënnen ass eng gutt Saach. Wann een op e Stéck Kuch, eng Portioun Fritten oder e Stéck Schockela glëschtert, soll een sech belounen. Eng Friessorgie ass awer keng gutt Iddi. Ideal ass et sech all Dag eppes Klenges ze gënnen, dat hëlleft géint de géien Honger. Och bei Sportler funktionéiert den Cheat Day just wann een sech net ouni Limitt voll stoppt, mee sech heiansdo eppes gënnt.