Ëmmer méi Leit maachen hir Akeef am Internet. Wann een z.B. net schlofe kann, sinn Online-Butteker eng gutt Alternativ, fir d'Zäit ëm ze kréien. Leider riskéiert een dann awer och, déi eng oder aner onnëtz Saach ze kafen. De Laurent Gillander huet mol gekuckt wat beim sougenannte Bedtime-Shopping esou alles iwwer d'Online-Théik geet.

10/09/2019 Bedtime-Shopping: wat kafen d’Leit Owes am Bett?

Et geet vun normalen alldeegleche Saachen, bis eriwwer bei Reesen. Kee Wonner, d'Online Plattforme wéi Amazon oder Ebay hunn ëmmer op.
Vill Leit déi Nuets net schlofe kënne gräifen also zum Tablett oder zum Laptop a kucken sech am Bett déi verschiddenst Saachen un. En Trend deen iwwregens ëmmer méi beléift gëtt.

Déi englesch Chaîne John Lewis huet an deem Sënn eng Etüd gemaach, fir esou erauszefanne wat dann do genee alles kaf gëtt. Et ass ebe wichteg ze wësse wat ee cibléiere muss, wann ee weess dass den Online-Shopping an de leschte Joren ëm 23% geklommen ass.

All 15. Transaktioun gouf mat enger Kreditkaart gemaach. Dat tëscht Mëtternuecht a mueres 6 Auer.

Den Artikel deen dann am meeschte gesicht gëtt, ass Bettgedecks. Hannendru komme Kopfhörer. Et vermëttelt engem den Androck, wéi wann d'Leit sech doheem eng gemittlech Hiel wëllen ariichte, fir esou besser kënnen ze schlofen. Gutt waarm mat esoteresche Kläng. Firwat net.

Am meeschte ginn awer Reese gesicht a gebucht. Et sinn dann och d'Männer déi am meeschte Suen heibäi ausginn.
Frae maachen awer 2/3 vun den Akeef aus.

Och Teles-Chaînen droen hiren Deel dozou bäi. Vill Sendere weisen Nuets Verkaf-Sendungen. Doduerch ginn och vill Accessoirë fir ze baken an ze kache kaf. Dass de Fernseh en Impakt ob d'Kafverhalen huet weist och déi britesch Emissioun Stricly Come Dancin. Et ass eng Danzshow. Wärend dës Emissioun gelaf ass goufe vill Danz-Course gebucht.

E selwechte Phänomen gëtt et bei der Höhle der Löwen, hei gi souguer extra d'Serverkapazitéiten erop gesat.