Kéint Dir iech virstellen eleng an de Restaurant ze goen...? Et gëtt Leit déi wéi et schéngt domat kee Problem hunn.

11/09/2019 Solo-Dining: en neien Trend?

Eng Etüd weist dass bei eisen Däitschen Noperen méi Männer wéi Fraen eleng iesse ginn. De Meenungsfuerschungsinstitut YouGov huet an deem Kader eng representativ Ëmfro gemaach. An dëser hunn 72% vun de Männer uginn, reegelméisseg oder op mannst seelen eleng an e Restaurant ze goen.

Bei de Fraen waren et 57%.

Tendenz weist dass déijéineg déi eleng an de Restaurant ginn och éischter zu der méi eelerer Generatioun gehéieren. All 5. geet ouni Partner an de Restaurant.
1/3 vun de Befroten hunn dëst nach ni gemaach.

 

Wat sinn Grënn? Firwat ginn et Leit déi Mëttes oder Owes eleng iesse ginn? Eng Méiglechkeet wier, ënnert de Leit ze sinn. Oder fir e puer Stonnen hier Rou ze hunn. Oder well een einfach ze liddereg ass fir ze kachen.

Wëssenschaftlech Etüde weisen awer dass et Solo-Dining net gëtt. An awer erkennt een hei e gewëssenen Trend. Dat Leit dorunner dass et ëmmer méi Single-Stéit ginn. De Problem vum eleng si, belaascht Leit schwéier.

E Portal iwwer deem een online e Restaurant reservéiere kann huet Zuelen zu de Reservatiounen erausginn. Sou kann ee feststellen dass tëscht de Joren 2014 - 2018 d'Zuel vun de Leit eleng en Dësch fir nëmmen eng Persoun reservéiert hunn ëm 321% geklommen ass.

An Australien ginn et souguer speziell Restauranten an deenen eleng iesse kann. D'Oper zu Sydney huet souguer e Mode D'Emploi wéi een d'Haus eleng besiche kann. $

Et gëtt der awer déi deem entgéint wierke wëllen. De Projet mam Numm "Gemeinsam isst man glücklicher" bréngt eemol an der Woch Leit zesummen déi kee Partner hunn dee se an de Restaurant begleede kann.