Erënnert Dir Iech un d'Bild vum Banksy, dat kuerz nodeems et kaaft gouft fir 1,2 Milliounen Euro, hallef geschreddert gouf? Dat war am Oktober 2018 am Auktiounshaus Sotheby's an aus dem Bild "Girl with Balloon" gouf an e puer Sekonne "Love is in the Bin" - "D'Léift ass am Eemer.'' D'Stee hat fir vill Opreegung gesuergt a war nees eng Kéier en Ausdrock vum Banksy senger Protesthaltung fir de Konschtmaart an d'Absurd zu féieren. Wien ass dee Banksy? Marie Gales

11/09/2019 Banksy a Kapitalismus: wéi passt dat beieneen?

Gutt Fro!
Op sengem Instagram-Account hat de Banksy deemools just e kuerze Kommentar gepost: "Going, going, gone!" A wéi engem Besëtz dat Bild, hallef geschreddert dann elo wierklech ass, ass net sécher. Et heescht eng anonym Sammlerin hätt et gesteet an hir géif et och an deem Zoustand gefalen. Nodeems et kuerz no der Stee 4 Woche laang am Museum Frieder Burda zu Baden-Baden houng, ass et entretemps an der  Staatsgalerie Stuttgart ze gesinn an als Publikumsmagnéit ageplangt.

D'Bild hätt solle ganz geschreddert ginn, dat muss de Banksy geiergert hunn, deen anscheinend mat am Publik gesiess hätt fir den Ausléiser ze drécken. Dës Aktioun war fir seng Kritik um Konschtmaart ze demonstréieren. Ma genee dës Haltung schéngt ze gefalen, well Banksy boomt a seng kapitalismuskritesch Konscht léisst sech gutt verkafen, och un déi, déi mat senger Kritik viséiert sinn.
Also d'Biller u sech trieden an den Hannergrond, mä d'Haltung an och d'Aktiounen vum Kënschtler loossen d'Suen elo fléissen. Do kann ee sech schonns froen, beim deem ville Geld, wéi dat bei dem Banksy seng Haltung dann an Aklang ze bréngen ass? Heiansdo braucht et alt méi Explikatioun wéi just e Schredder, Videoen a Graffitien, mä och mol Wierder!

Mä kee weess sou genee wien dee Mann ass, oder ass et eng Fra, oder op mannst dat dierf kee soen, besser gesot. Just sou vill weess een, et soll de berühmste Sprayer vun der Welt sinn. Wahrscheinlech aus Bristol an England, wou hie fréier Zich a Gebaier gespréit hat. Seng Biller maachen sech dacks iwwer Mëssstänn lëschteg an hie gräift dofir op Taktike vun der Kommunikationsguerilla zréck. Dobäi verännert hien och gäre bekannte Motiver a Biller an hat seng Aarbechten och mol ouni Autorisatioun a Muséeën installéiert. Dacks huet hien selwer Ausstellungen organiséiert fir seng Biller ze weisen, well hie meeschtens refuséiert gouf.
E provozéiert op alle Fall gär sou hat hien 2015 e Video aus dem Gazastreifen publizéiert mam Titel 'Make this the year YOU discover a new destination' an huet satiresch op d'Zerstéierung an dem Gebitt opmierksam gemaach.

Wéi beléift de Banksy ass, dëser Deeg stinn 3 Steeën an d'Haus: Vum 11. bis den 21. September kann ee beim Auktionshaus Christie's eng ganz Rei Biller mat Siebdrock online steeën. Titel vun der Stee: "Banksy: I can't believe you morons actually buy this sh*t", e Motto vu senge Banksy-Bild.
Dëse Freideg gi Sotheby's mat "Banksy/Online" un de Start a verkafen zwou Wochen laang 44 vun senge Biller mat Siebdrock.
An d'Auktionshaus Bonhams versteeën den 13. a 14. September beim Goodwood Revival Sale zu West Sussex, en Truck vun Mark Volvo een, deen de Banksy am Joer 2000 op enger Silvesterparty a Spuenien soll agespréit hunn. Dee soll 1,6 Milliounen Euro bréngen.

Op Iwwerraschunge gëtt natierlech gewaart..vläicht geet dee jo a Flamen op, wann e gesteet ass! 

Kuckt och op