Open Space Büroe sinn an de leschte Joren ëmmer méi beléift ginn a vill Entreprisen hu sech um Konzept vum Harrison Owen aus den 80er Joren inspiréiert. All zesummen an engem Büro heescht awer och vill Kaméidi! Do freet ee sech ob een dann dem Kolleg soe soll wann en ze vill Kaméidi mécht? D'Äntwert huet de Loïc Juchem.

11/09/2019 Um Büro: soll een dem Kolleg soe wann en ze vill Kaméidi mécht?

Enger Ëmfro no schaffe 66% vun alle Salariéen zesumme mat Kollegen, déi schwéier ze erdroe sinn. 53% vun deenen trauen sech allerdéngs net ze soe wann ee si steiert.

Elo stellt sech d‘Fro, ob een dat da soll soen? D‘Äntwert ass:" Jo"!

Di modern Open Space Büroe bréngen eng ganz Réi Stress Faktore mat sech. Jiddwereen deen do schafft misst sech un eng Rei Reegelen hale fir dass e gutt Aarbechtsklima garantéiert ass.

Dorënner fale Reegele wéi zum Beispill: Et soll ee säin Handy op Vibratioun stellen an déi Raim fir ze telefonéiere benotzen, déi dofir geduecht sinn. Soulaang ee matenee schwätzt an een deen aneren op dës Reegelen opmierksam mécht, ouni den Toun ze hiewen, gëtt och net gestridden. Sollt allerdéngs een emol géint sou eng Reegel verstoussen, kann een deenejéinegen an engem léiwen Toun dorop uschwätzen. En anere Problem op der Aarbechtsplaz ass beispillsweis schlechte Geroch oder vill Kaméidi.

 

2/3 vun alle Salariéë hu keen eegene Büro, mee deelen sech dëse mat aneren. A sou Fäll muss een dacks vill Toleranz weisen. D‘Salariéë musse puermol den Dag telefonéieren an déi aner dierfen sech dovun net steiere loossen. Hei schwätzt ee jo dann och net vu schlechtem Behuele, wann ee sech mat engem ënnerhält, well dat gehéiert jo dann zur Aarbecht.

Et ass also wéi bei allem, freet een déi aner an engem frëndlechen Toun e bësse méi roueg ze sinn, klappt dat! Ass een e bëssen ze aggressiv, dierft d‘Äntwert och aggressiv sinn.