Et läit een ënnert der Decken an et fält engem richteg schwéier anzeschlofen. Vill Léit kennen dat a wëssen net sou richteg wat maachen. Wei elo erauskoum, huet dat, wat mer am Dag alles giess hunn, e groussen Afloss op eise Schlof. De Loïc Juchem mat den Detailer.

11/09/2019 Problemer fir ze schlofen? Dann iesst dëss Liewensmëttel net

Et geet och net onbedéngt drëms wei vill Kalorien een zou sech hëlt. Wann ee kuerz virum Schlofe goen ësst, huet dat Konsequenzen op eise Schlof. Dat soe mol verschidden Etüden.

Ech proposéieren iech elo eng Lëscht mat all deene Liewensmëttel, déi een net virum schlofe goe soll iessen, well verschidde Substanzen dra sinn, déi eis aus der Rou bréngen. Dës Liewensmëttel sinn net onbedéngt ongesond.

 

Schäerft

Schaarft Iessen, wei zum Beispill Curry oder aner schaarf Platen suergen dofir datt eis Häerzfrequenz ugereegt gëtt. Do dernieft kann d'Schäerft eise Mo reizen an dofir fir Stonnen ouni Schlof suergen.

Waassermelounen

Se si séiss, lecker an enthale vill Waasser. Wien awer roueg schlofe well ouni gesteiert ze ginn, dee soll en gutt Stéck Waassermeloun virum Schlofe goen evitéieren. Anescht, steet een op an et leeft een op d'Toilette.

 

Fritten

Frittéiert Gromperen, frittéierte Fësch, jee alles wat frittéiert ass, ass net gutt fir eise Schlof. Dat villt Fett ass schwéier verdaulech an dofir och net ze recommandéieren.

 

Zoossiss

Verschaffte Fleeschproduiten enthalen Tyramine. Aminsäuren, kënnen een och vum Schlof ofhalen.

 

Schockela

Wat méi Kakao dran ass, wat och méi Koffein am Schockela ass. Keen gudde Snack virum schlofe goen also.

 

Geméis

Zellerie a Brokkoli si fir eise Mo schwéier verdaulech a kënnen dofir suergen datt mer net schlofen.

 

Kéis

De biogene Stoff Tyramin ass virum allem an Zoossiss Produiten dran, ma awer och am Kéis. Et kann ënner Ëmstänn net nëmmen d'Ursaach fir Liewensmëttelallergien a Migrän sinn, mee kann och vum Schlof ofhalen.

 

Cornflakes

Klengt no engem gudde Snack um Owend. Ma Cornflakes sinn awer voller Zocker, déi engem kuerzfristeg Energie liwweren an de Bluttzockerwäert domat an d'Luucht dreiwen. Alles dat ass net gutt virum Schlofe goen.

 

Speck

Speck ass fetteg. Ësst een es also Owes ze vill dovun, da muss eise Verdauungssystem haart schaffen. Dofir léiwer Moies beim Kaffi drénken es bësse méi iessen.

 

Alkohol

Jo leider ass och deen net gutt virum schlofe goen. Als Schlofmëttel sollt een Alkohol op kee Fall benotzen, well et einfach net fonctionnéiert. Wann ee bësse gedronk huet schléift ee villäicht besser an, ma d'Schloofqualitéit déi leid awer drënner.

 

Dir mengt sécherlech elo: Wat kann ech dann iwwerhaapt nach iessen?

 

Kürbis, Saumon oder Jughurt sinn ideal fir virum schlofen ze Iessen. An domat wënschen ech iech elo e Gudden Appetit an e ganz gudde Schlof.