Den hollänneschen Eurodance-Projet Venga-Boys huet am Summer 1999 näischt ubrenne gelooss. Virun 20 Joer steet d'Grupp direkt 2 mol op der Spëtzepositioun vun de meeschtverkaafte Lidder a Groussbritannien.

Nodeems den holläneschen Dance-Projet ronderëm déi zwee Produzente Wessel van Diepen an Dennis van den Driesschen, schonn am Abrëll 1998 hiren THE PARTY ALBUM erausbruecht huet, lafen hir Lidder a ganz Europa.

Et sollt awer bis an de Summer vum Joer duerno daueren, ier sech d'Vengaboys an England eng éischte Kéier och bis op d'1 an den Charts no vir schaffe kënnen. Dat ass den 20. Juni virun 20 Joer de Fall wéi BOOM BOOM BOOM BOOM op de briteschen Inselen déi meeschtverkaafte Single ass. D'Lidd wat et och a Schweden an Holland bis op d'Spëtzeplaz vun den Charts packt, ka sech an England awer just eng Woch laang als Bestseller behaapten.

Scho knapp 3 Méint méi spéit, den 12. September 1999, stinn d'Vengaboys nach emol fir eng Woch op der 1. an England mat engem Lidd dat 20 Joer duerno erëm zimlech aktuell war; wéinst der sougenannter Ibiza-Affär hat et We're going to Ibiza erëm an d'Charts an Éisträich gepackt, souguer op Plaz 1. vun den iTunes-Charts do. Ausléiser vun der Affär war e Video vun 2017 an deem een den éisträichesche Politiker Heinz-Christian Strache gesäit dee sech ënner anerem bereet erkläert Korruptioun zouzeloossen.

We're going to Ibiza ass an der Originalversioun vun Typically Tropical, flotten Numm fir all Radiosanimateur, an hat 1975 nach näischt mat der spuenescher Insel Ibiza ze dinn. Deemools huet d'Lidd Barbados geheescht a war eng Erënnerung un dem Jeffery Calvert seng Vakanz an der Karibik. Fir d'Typically Tropical war Barbados deen eenzegen Hit, e One-Hit-Wonder deemno, dat kruten d'Vengaboys 20 Joer méi spéit also besser hin.