Schonn emol eppes dovunner héieren? Derhannert stécht e Phänomen: dass mer ëmmer erëm déi selwecht Serien kucken.

12/09/2019 Comfort Binge

Fir dëse Phänomen gëtt et e Numm: 'Comfort Binge', zesummegesat also aus de Wierder 'confortabel' a 'Binge'.

Psychologen ginn dee grouss Choix u Serien, dee mer ewell hunn, als Grond un. Als Konsequenz gräife mer dann op dat zeréck wat um Schluss eis Erwaardungen sécher erfëllt. Dat selwecht ass zum Beispill och bei der Liiblingsjeans de Fall: et huet een der zwar nach wéi vill am Schaf, et deet een awer ëmmer déi eng un. Just dass mer bei de Serien nach eng Aart 'Bezéiung' zu de Personnagen opbauen. Der Theorie no ginn déi an eisem Ënnerbewosstsinn iergendwann als Frënn duerch.

Donieft mécht deen een oder aneren nieft der Tëlee nach aner Saachen, eppes wat sech Media-Multi-Tasking nennt. Wann d'Tëlee leeft an een zu Beispill awer nach um Internet ënnerwee ass. Och do ass et praktesch wann eppes leeft wat ee scho kennt: dann huet ee nämlech näischt verpasst.