Sidd Dir schonn ukomm, oder sidd Dir nach ënnerwee op d'Schaff? Hutt Dir Iech schonn opgereegt iwwert all di Aner, déi erëm net fuere, wéi se sollen, oder wéi Dir et wëllt? Dann huelt Iech mol mat der eegener Nues, seet en däitsche Verkéierspsycholog, well et kéint och un Iech leien...

12/09/2019 Stress beim Fueren: meeschtens ass ee selwer Schold

Den Thomas Wagner ass Vizepresident vun der Däitscher Gesellschaft fir Verkéierspsychologie. Den éischte Belaaschtungsfaktor ass scho mol den Ënnerscheed tëscht der eegener Wonsch-Vitess an där, déi de Verkéier grad zouléisst. Wann déi net a mäin Zäitplang passt, fänken di negativ Emotioune schonn un - op béide Säiten.

Eis Grondastellung gëtt séier eng negativ, wa mir mierken, dass mir net mat Zäiten do ukomme, wou mir hi wëllen. Resultat: Stress. Mir si just nach op einfach Reizmustere programméiert, kënnen dowéinst di verschidde Verkéierssituatioune manner gutt aschätze, wat zu Frust, an och zu méi Gefore féiert.

Dobäi hu mir dach entretemps esouvill nëtzlech Ariichtungen am Auto, déi eis d'Fuere méi einfach a méi sécher solle maachen. Am Prinzip ass dat och esou - et hänkt awer dovun of, wéi mir Fräispriechanlag, Sproochsteierung, Navi an Ofstandsradar notzen. Verloosse mir eis ze vill op di modern Technik, versiche mir domat während dem Fueren eis Aarbecht direkt mat ze managen - schliisslech sti mir jo am Stau, et geet net virun - da gëtt et séier stresseg, an, geféierlech. Eist Gehir huet seng Limitten.

Dem Här Wagner no ass di vill Technik gutt, soulaang mir vernënfteg domat ëmginn. Eis Haaptaufgab am Auto ass nach ëmmer d'Fueren u sech - sëllechen Assistenzsystemer hin oder hir. Schalte mir déi an, gi mir jo och Kontroll of, mussen eis op eng Technik verloossen, déi eis awer vläicht nach net sou ganz geheier ass. Och dat suergt erëm fir weidere Stress an Angscht.