Heiansdo ass een, nodeems een de ganze Moien geschafft huet, esou midd datt een sech einfach nëmmen well leeën. Eng Siesta soll anscheinend gesond sinn - dat soen mol verschidden Etüden. De Loïc Juchem mat den Detailer.

12/09/2019 Eng Siesta ass gesond, mä firwat?

Schaffen ass ustrengend! Do kann et scho mol sinn, dass d‘Middegkeet een iwwerfält. Fir déi Leit, bei deenen dat de Fall ass, fir déi gëtt et eng gutt Noriicht: dem Drang e bëssen ze raschten, deem kann ee roueg nogoen.

Wei eng Klinik vu Lausanne erausfonnt huet, fält den Häerzinfarktrisiko wann een heiansdo eng Mëttesrascht hält. Fir dëss Etüd huet ee wärend 5 Joer ronn 3500 Leit beobacht. Et huet een déi Leit a verschidde Gruppen agedeelt. Déi eng, déi hunn sech ni dierfe mëttes an d‘Bett leeën. Déi aner hunn all Dag mëttes gerascht. An déi lescht Grupp, déi hunn ronn 2 mol an der Woch eng Mëttesrascht gehalen.

Dobäi erauskomm ass, dass bei deene Leit déi 2 mol an der Woch geschlof hunn de Risiko fir en Häerzinfarkt em 48% erofgaangen ass. D‘Längt vun der Mëttesrascht ass dobäi net wichteg.

Klengt jo richteg gutt, ma leider kann een elo awer net de Chef froe fir en extrae Raum fir ze schlofen. D‘Wëssenschaftler hunn nämlech nach net erausfonnt wisou dee Risiko esou fält. Ausserdeem kritiséieren aner Fuerscher, dass de Liewensstil vun deene Leit, déi an der Etüd analyséiert goufen net genuch ënnert d‘Lupp geholl ginn ass. Wouran sech awer all d’Fuerscher eens sinn, ass dass en déiwe Schlof definitiv gesond fir de Kierper ass.