All Apel ass d'selwecht? Dat ass net de Fall, well weltwäit wuessen méi wei 20.000 Äppelzorten. Och rout a gréng Äppel Ënnerscheed méi wei just d'Faarf. De Loïc Juchem mat den Detailer.

12/09/2019 Wat ass méi gesond? E rouden oder e gréngen Apel?

D'Äppel Zäit déi ass sou lues lancéiert. An Däitschland ësst all Awunner am Joer ganzer 17 Kilo Äppel. Déi eng si rout, anerer giel oder gréng. Se heeschen Elstar,Jonagold oder Pink Lady. 

Et ass och net egal, wei een Apel een ësst, well net nëmmen de Geschmaach ass anescht.

Ganz am Ufank, sinn alleguerten d'Äppelzorte gréng. Ginn d'Äppel zeideg, kréien se jee no Zort eng aner Faarf. De Granny Smith ass de Klassiker ënnert de gréngen Äppel, d'Schuel vum Golden Delicious fierft sech dono giel an de Jonagold gëtt souguer knallrout.

Déi gréng Äppel enthale besonnesch vill Chlorophyll- de grénge Faarfstoff, dee och d'Blieder vun de Planze gréng fierft. Verschidden Äppelzorte bauen dëse Faarfstoff wann se zeideg gi lues a lues of- a ginn da giel. Giel Äppelzorten enthale grouss Quantitéite vum gielen Naturstoff Carotin, dësen ass a villem gielen a roude Geméis an Uebst. Wärend dem Prozess wou d'Uebst an d'Geméis zeideg gëtt suergt dëse Stoff an der Schuel dofir dat sech alles giel fierft. Wann di rout Äppel zeideg ginn, forméiert sech ganz vill Anthocyane. De roude Faarfstoff an der Apelschuel wierkt als Antioxidatiounsmëttel a schützt virun ze vill Sonn. D'Uebst gëtt esou och vun de schiedlechen UV Strale vun der Sonn geschützt.

Déi meescht Äppel hunn awer net nëmmen eng Faarf, mee d'Schuel huet zwou oder souguer 3 Faarwen.

Sinn déi rout Äppel da wierklech méi séiss wei déi gréng?

Och wann een et wéinst hirer kräfteger Faarf mengt, ass et just en Mythos. Et muss een nëmmen un de Boskoop denken, deen ass zwar donkelrout, mee ass sou sauer datt vill Leit en just fir ze bake benotzen. Iwwregens en séisse Geschmaach ass net onbedéngt en Zeeche fir vill Zocker, déi sauer Zorten enthale just méi Séier.

Déi rout Äppel si bei de Clientë méi beléift wei déi gréng. Instinktiv kafe mer doduerch och ëmmer déi gesond Äppel. De Grond: Déi rout enthale vill méi Vitamin. En Braebrun-Apel huet bis zu 35 Milligramm Vitamin C pro 100 Gramm. En Apel vun der grénger Zort Granny Smith enthält es manner wei een Drëttel vun dëser Quantitéit.