Wien an den nächste 25 Joer eng Rees op Madrid plangt gëtt Zeie vun engem vun de gréisste Bauprojeten aus Europa. Ënnert dem Titel Madrid Nuevo Norte gëtt den Norde vun der spuenescher Metropol moderniséiert. Mat Recht!

12/06/2019 Madrid Nuevo Norte: nei Nues fir déi spuenesch Haaptstad

Gréng, frëndlech fir d'Bierger an dat héchsten Héichhaus vu Spuenien. Dat ass, graff resuméiert, de Plang fir déi spuenesch Haaptstad, den Norden dovunner, méi attraktiv ze kréien. Déi aktuell 08/15 Appartementsgebaier an déi puer Graffitien op de Mauere virun der Estación, der Gare, si kee Plus an der Landschaft, souguer d'Madrilene selwer verlafe sech nëmme seelen dohinner. Mat Madrid Nuevo Norte soll alles anescht ginn, op alle Fall ass laang genuch driwwer gestridde ginn, 26 Joer laang. De Projet huet och scho 6 Buergermeeschter matgemaach a soll iwwer 7 Milliarden Euro kaschten. An enger interaktiver Ausstellung an op der offizieller Internetsäit vum Projet kënne sech d'Bierger elo informéieren, d'Aarbechte sollen Enn 2020 ufänken an déi nächst 25 Joer daueren. Net datt Spuenier lues am baue sinn, mä se hunn eppes Grouss wëlles; op engem Areal vu ronn 2,4 Millioune Metercarré solle ronn 10.500 Wunnengen an honnerte Büroskomplexer grad ewéi 3 nei Héichhaiser entstoen, Eent dovunner 300 Meter héich an domat dat héchste Gebai a Spuenien. Fir d'3-Milliounen-Awunner-Stad bedeit déi Transformatioun natierlech e risege Chantier, also vill Nerven, awer och vill nei Aarbechtsplazen, am Raum schwieft eng Zuel vun 240.000, an dat net nëmme wärend der Bauphas mä och wann de Businessdistrikt vu Madrid Nuevo Norte fäerdeg ass. Gréng soll den neien Norde vun der Stad och sinn, duerfir solle ronn 400.000 Metercarré Gréngfläch suergen déi op de 5,6 Kilometer Längt a engem Kilometer Breet virgesi sinn. Den Mann, den Architekt, respektiv deem säi Büro, hannert dësem Mammutprojet ass a Spuenien en ale Bekannten, de Brit Richard Rogers huet zum Beispill zu Barcelona eng ongenotzten Arena fir Stéierkämpf an eng en Entertainment- an Akafszenter verwandelt an den Daach vum Terminal 4 vum Fluchhafen zu Madrid huet de Rogers och entworf.

Wann alles riicht leeft, soll den neien Norde vu Madrid 2045 fäerdeg sinn. Déi Responsabel wënsche sech datt de Projet an Etappen realiséiert gëtt, aneschters ass et wahrscheinlech guer net méiglech. Hei fannt dir weider Informatiounen iwwer Mardid Nuevo Norte