Ufank Februar ass de 54. Super Bowl. D'Finall vum amerikanesche Football-Championnat ass ee vun de gréisste Sportspektakelen op der Welt, gëtt vu sëlleche Millioune Leit gekuckt, an deementspriechend grouss ass d'Show ronderëm den eigentleche Sport. Et gëtt gemunkelt, dass d'Jennifer Lopez dëst Joer an der Halbzeit wäert optrieden.

12/09/2019 Jennifer Lopez beim Super Bowl?

Di nei Saison ass kaum gestart, a scho kucken se all no vir op di grouss Finall - mir sinn am American Football, traditionellen Ofschloss vun der Saison ass de "Super Bowl".

Mat dat gréissten Eenzel-Sportevent vum Joer, suergt ronderëm d'Welt fir massiv Aschaltquoten, an d'Amerikaner wësse jo, wéi een Show mécht. Di berühmten "Halftime Show" ass nieft dem Sport ee vun de groussen Highlighte beim Super Bowl, an elo wëllen Insider scho wësse, ween déi Kéier bei Super Bowl wäert optrieden.

Dem Jennifer Lopez soll d'Éier zoufalen, Ufank Februar de Football-Publikum ze begeeschteren. D'Sängerin huet jo schonn am Virfeld vun der neier, 100. NFL Saison, an engem Spot fir d'Tëlee mat der Liga kooperéiert.

Domat kéim d'JLo an en illustere Krees - fir Museker ass en Optrëtt beim Super Bowl definitiv eng Auszeechnung an hirem CV. D'lescht Joer ware jo Maroon 5 opgetrueden, weider rezent Virgänger op der Super Bowl-Bühn waren den Justin Timberlake, d'Lady Gaga, Coldplay an d'Katy Perry.

Ob d'Jennifer Lopez optriede wäert, gi mir da spéitstens den 2.Februar gewuer, wann de 54. Super Bowl zu Miami gespillt wäert ginn.