Fräizäit ass fir munch een e raren Artikel. Deelweis muss ee sech dréinen a kéieren fir e puer Minutte fir sech ze hunn. Wat dobäi dann erëm opfält ass, dass déi meescht an der fir sech gewonnener Zäit um Smartphone beschäftegt sinn. Dat kann dach net gutt goen?

12/09/2019 Ass de Smartphone e Fräizäitkiller?

Nee kann et och net. Et kann esouguer Auswierkungen ob de Sex hunn. Dat kann an deem Fall e raren Artikel ginn.
Wat ass Schold um Dilemma? Sinn et déi sozial Reseauen, ass et villäicht d'Angscht eppes ze verpassen, an enger Welt déi ëmmer méi séier dréint?

An Däitschland huet elo "D'Stiftung Freizeit-Monitor 2019" eng representativ Etüd an Optrag ginn. Erauskomm ass, dass d'Leit net méi wësse wéi se hier Fräizäit gestallte kënnen! Reng wëssenschaftlech ass dat eng Katastroph.

Ganz fréier war et nach anescht. D'Leit hunn sech ob d'Sich no Iesse gemaach, se hu gejot a gesammelt. Se hu praktesch de ganzen Dag domat verbruecht. Et war e Kampf ëm d'Iwwerliewen. Haut ass dat net méi esou. De Frigo gouf erfonnt an deen ass meeschtens gutt gefëllt, a wann net da kann een nach ëmmer eng Pizza bestellen.

Mir hätten am Fong méi Fräizäit wéi iergendeng Generatioun virun eis. Ma amplaz se ze notze kucke mer de Fernseh, drénken Alkohol oder kucken ebe permanent ob de Smartphone. Hei kucke mer dann an de soziale Medien, mir gesi wat deen Aneren huet, an dat léist a vill Leit e Gefill aus, dass anerer méi Spaass hunn wéi ee selwer.
An der Etüd hunn 58% vun de befroten uginn dass se an hirer fräier Zäit gäre vill ënnerhuelen. Haaptsächlech déi Jonk déi jonk Erwuessen an Singlen maache gären eng flott Saach no Nächster a wëllen iwwerall dobäi sinn a sech näischt entgoe loossen.

Etüd kënnt zum Schluss dass ëmmer manner Leit an hirer fräier Zäit net capabel sinn hier Aktivitéiten och ze genéissen. De Fräizäit-Stress och en Impakt ob d'Sexualitéit. Nëmmen all 2. Däitschen huet ob mannst eemol de Mount Sex. Dat maachen 52 % aus. Fir 5 Joer waren et nach 56 Prozent. Dat läit eben drun dass vill Leit méi romantesch mat hirem Smartphone ëmgi wéi mat hirem Partner.

Zäit also fir ze léieren. Eppes Neies ze léieren an et dono och ze beherrsche léist Glécksgefiller aus. Wichteg dobäi ze wëssen ass awer dass een och hei Pause maache soll. Dat kann ee maachen andeem een sech mat Leit trefft oder e Buch liest. Och spadséiere goe kann engem hëllefen seng Fräizäit richteg ze genéissen.
Et ass eben u jidderengem eenzelen erauszefanne wat e gäre mécht.
Ass dat bis fonnt, da klappt et och mat der Erhuelung.