Waasser an agreabel Temperaturen brauch ee fir ze liewen, also ënnert anerem! Ma Astronomen hunn dës Konditiounen op engem Planéit elo entdeckt, Marie Gales

12/09/2019 De Planéit K2-18b

Dat ass um K2-18b an elo direkt déi grouss Fro: Kéint dat eng Wunnalternativ fir d'Mënschheet an der Zukunft sinn?

Fir d'éischt mol d'Fakten: Déi sougenannte Superäerd kreest ëm en Zwergstär am Stärebild Léiw, gutt 110 Liichtjoer vun eis ewech. Dësen huet dat 8facht u Mass vun eisem Planéit a méi wéi den duebelen Duerchmiesser, seet d'Fuerscherteam ëm den Angelos Tsiaras vum University College London an der Fachzäitschrëft "Nature Astronomy".

Mir schwätzen hei och vun engem Exoplanéit, oder extrasolare Planéit genannt, well e baussent der Gravitatioun vun der Sonn ass, mä bannent engem gravitativen Afloss vun engem anere Stär.

A Superäerd nennen d'Astronome Planéiten, déi op mannst sou schwéier si wéi eis Äerd, ma méi liicht wéi den Uranus.

De K2-18b gouf schonns 2015 entdeckt, ma dass et do Waasser an der Atmosphär gëtt, konnt de Weltraumteleskop "Hubble" elo rezent entdecken. Nieft Waasserdamp hunn d'Fuerscher do Waasserstoff an Helium konnten erkennen, Liewen hu se bis elo net fonnt.

Waasser an enger potenziell bewunnbarer Welt baussent eiser Äerd ze fannen, wier immens opreegend. De K2-18b wier awer keng zweeten Äerd, well en däitlech méi schwéier wier an eng aner Zesummesetzung vun der Atmosphär huet.
An awer lounen sech de Fuerscher no, weider Ënnersichungen. Wahrscheinlech wier dësen nëmmen den éischten vu ganz villen ähnleche Welten.

D'Entdeckung vun dësem Planéit géif d'Äntwert op d'Fro ginn op eise Planéit eenzegaarteg wier?

Géint e méiglecht Liewen op dem Exoplanéit schwätzen d'Charakteristike vu senger Sonn; de rouden Zwergstär wier immens aktiv an de Planéit wier doduerch wahrscheinlech enger méi héijer Stralung ausgesat.

A virun Ae sollt ee sech dëst dofir halen, seet den Angelos Tsiaras selwer op der Pressekonferenz, déi op BreakingNews.ie iwwerdroe gouf: "D'Sich no weidere Planéiten op deenen ee wunne kann, ass immens opreegend, mä dat soll eis och drun erënneren, dass dëse Planéit eis eenzeg Heemecht ass. An dofir schéngt et och onwahrscheinlech, dass mir an der Lag wäerte sinn op aner Planéiten ze fléien."

110 Liichtjoer ass dëse Planéit ewech. Kleng Rechnung elo. Mat Liichtjoer ass eng Distanzindikatioun gemengt a beschreift d'Streck, déi d'Liicht an engem Joer zréckleeë kann. Bei enger Vitess vun 299.792,458 Kilometer pro Sekonn ass e Liichtjoer 9,460 Billioune Kilometer. Iwwregens 1 Billioun ass eng 1 mat 12 Nullen.