Deen Een oder Aneren huet mat Sécherheet an der Vakanz esou seng Erfahrung mat méi oder manner gudde Restauranten gemaach. Ma wéi kann een dann an Zukunft verhënneren an der Leschter Spelunk d'Suen aus dem Portmonni gezunn ze kréien.

17/09/2019 Wou fannen ech e gudde Restaurant an der Vakanz?

Et gouf bestëmmt nach keen, deen déi Decisioun nach net huet missen huelen. Wou gi mer ob der Vakanzendestinatioun iessen ouni bei Lisette gelooss ze ginn? Meeschtens huet dann een déi wonnerbar Iddi ob Tripadvisor ze sichen, ëmmerhi kritt een hei alles schéin a sengem Ëmkrees ugewisen, vun deem Restaurant mat de Beschten- bis bei dee mat de schlechtste Kritiken. Dat ass nach eng Méiglechkeet déi gutt fonctionnéiert.
Ob wat een sech net verloosse soll, ass de Sticker vun Tripadvisor deen an der Dier pecht. Dee kann nach vum Proprietär sinn deen de Restaurant virdrun hat.
Am beschten et sicht an enger Gaass nieft der Geschäftsstrooss oder hannert enger Esplanad. Och déi, déi Fotoe mat hire Menüe weise, sollt een evitéieren. Steet drënner och nach alles a 5 Sproochen da läit et ob der Hand, dass een hei den Tourist cibléiert gëtt.
Am beschte fir eng Menüskaart déi just ob der Sprooch vum respektive Land gehalen ass. Dëst kann en Indice drop sinn dass hei nëmmen Eenheemescher iesse ginn. De Präis mécht et och. Kascht eng Portioun Fritten an engem Fangerhutt 8 Euro da sollt et bei engem schellen.
Fir esou eppes komplett ze verhënneren, géif ech mir fir d'éischt mol ukucken, wéi déi Telleren da sou dresséiert sinn. Läit alles drop wéi eng Aaxt déi duerch de Bësch gaangen ass, da wier meng Decisioun séier geholl.
Um Enn nach 2 kleng Tipps. Dat eegent Bauchgefill soll ee roueg consideréieren, dacks louch dat nach net dernieft.
Wien elo komplett mat der Sich vun engem Restaurant iwwerfuerdert ass, dee kann nach ëmmer en Eenheemesche froen. Wann en iech da versteet.
Obwuel, iessen an drénke kann ee mengen ech ganz gutt mat Hänn a Féiss erklären.