Australesch Wëssenschaftler hunn nogewisen, datt mënschlech Läiche sech och e puer Méint nom Doud nach weider beweegen. Dat huet mam Verwesungsprozess ze sinn.

17/09/2019 Mënschlech Läiche beweege sech

17 Méint laang  huet d'Alyson Wilson, déi dës Fuerschungsetude leet, an engem speziellen Etablissement bei Sydney eng Läich geneeëstens observéiert. Mat Hëllef vun enger Zäitraffer-Kamera, wéi se ë.a. vun der Police agesat gëtt fir den Zäitpunkt vum Doud vun enger Persoun z'estiméieren.

„Mir mengen, datt déi  Beweegungen mam Prozess  vun der Dekompositioun vum Kierper zesummenhänken - den Zäitraum, deen de Kierper brauch fir ze mumifizéieren a wou d'Bänner ausdréchnen.“ esou d'Madame Wilson.
Eis kierperlech Aktivitéit hält also net onmëttelbar no eisem Doud op. U sech roue mer deemno net komplett a Fridden, mä mir beweegen eis nawell däitlech. Ënnert anerem d'Äerm, déi ugangs nach ganz no um Kierper uleien, no e puer Méint resp. no bis zu 1 Joer da relativ wäit niewendrun.

D'Alyson Wilson an hiert Team hoffen, datt hir Fuerschungen der Police hëlleft, den Doudeszäitpunkt méi genee ze bestëmmen an datt hir Erkenntnesser d'Aarbecht vu Kriminalisten a Pathologe bei der Opklärung vu Mordfäll veränneren. E bessert Verstoe vu postmortale Beweegunge kann dozou bäidroen, Feeler bei der Feststellung vun der Doudesursaach oder bei der Interpretatioun vun engem Tatort ze reduzéieren.