Fir ze feieren ass et net ni ze fréi. Schampes, Kuch a Käerze si prett? Da lass.

18/09/2019 E puer intressant Gebuertsdeeg

Déi schwedesch Actrice Greta Garbo wier haut 114 Joer al ginn. Den däitsche Politiker Wolfgang Schäuble bléist haut 77 Käerzen aus.

48 Joer fir de Mann deen den Tour de France am ganze 7 mol gewonnen huet. Wéinst Dopping, krut de Lance Armstrong, all seng Victoiren oferkannt. Ee vun de gréisste Skandaler am Vëlossport.

2 mol 45 Joer haut um 18. September. Eng Kéier de Pimp My Ride-Presentateur a Paparazzi-Rapper Xzibit. An dann den aktuelle Buergermeeschter vun Esch, de Georges Mischo.

Haut virun 31 Joer kënnt de Lukas Graham Forchhammer op d'Welt. Den Dän ass Sänger a Chef vun der Grupp Lukas Graham.

An den 18. September 1998 ass de Gebuertsdatum vum amerikanesche Fussballnationalspiller Christian Pulisic. Den offensive Mëttelfeldspiller ass dëst Joer fir 64 Milliounen Euro vun Dortmund bei den FC Chelsea gewiesselt.