Saké avancéiert zum neien It-Gedrénks an Europa. Di meescht vun eis kennen de Räiswäin als waarmt Gedrénks, déi een beim Asiat, wärend oder nom Iessen ze drénken kritt, dobäi wier en nach besser, wann en äiskal genoss gëtt.

19/09/2019 Saké - dat neit IT-Gedrénks

Zanter 17 Joer ass de Xavier Thuizat geléierten Sommelier an huet et haut als Chef-Sommelier an ee 5 Stäre Luxushotel zu Paräis gepackt. Wäin ass seng Leidenschaft a fir hien fält och de japaneschen Räiswäin an dës Kategorie. Virun 7 Joer huet hien sech als Saké-Sommelier ausbilde gelooss.

Vill Leit géingen de japaneschen Saké, mat sengem chineseschen Namensvetter verwiesselen. Dobäi ënnerscheeden di zwee sech fundamental an der Produktioun. Déi chinesesch Variant gëtt distilléiert, wärend de japanesche Saké fermentéiert ass, an nëmmen en Alkoholgehalt vun 10-20% huet. Et wier en exzellenten Aperitif an gëtt vun de Japaner net nëmmen waarm, ma gären och äiskal gedronk.

De Saké ass deen eenzegen Alkohol op der Welt, deen een vu -5 bis 50 Grad genéisse kann. Dem Sommelier no, sollt en awer net op méi wéi 35 Grad erhëtzt ginn, well en dann säin Aroma verléiere géing. Fir säi Wëssen ëmmer nees op ze frëschen, reest de Xavier Thuizat mindestens zwee am Joer a Japan. De Saké ass de Japaner hiert Nationalgedrénks a sou ginn et eng ronn 1150 Saké-Brauereien, déi 9000 verschidden Zorten produzéieren.

Japanesche Saké sollt een dann och aus traditionellen Wäiglieser drénken, well een domadder déi ënnerschiddlech Aromaen besser erausschmaachen kéint.
Japan huet mat der EU am Juli zejoert en Wirtschaftspartenariat ënnerschriwwen, wat et de Brauereien méi einfach mëscht hire Saké an Europa ze importéieren. Ass dat vläicht schonn de neien Tipp fir d'Summergedrénks 2020?