Wéivill gitt dir de Mount fir Äert Hausdéier aus? Do dierft mam Fudder a mat de Spillsaachen e bëssen eppes zesummen kommen. Eis däitsch Noperen ginn am Joer ëm 10.7 Mia Euro fir hier Hausdéieren aus. E Marché dee boomt, ass dee mat de Spillsaachen.

17/09/2019 Skurril Gadgete fir Hausdéieren

Verréckt Spillsaache wuel éischter. Sou gëtt et z.B eng Fräispriechanlag fir d'Päerd. Dës gëtt einfach um Suedel fest gemaach a scho kann een iwwert dem Reiden telefonéieren.

Speziell Geräischer a Biller sollen de Mupp da virun de Fernseh lackelen. Firwat also langweileg Serie kucken. D'Biller déi si gewise kréien sollen dem Mupp dobäi hëllefe besser ze entspanen.
Hoffentlech gi keng Filmer gewisen déi eréischt vun 18 Joer u sinn.

Da gëtt et nach de Pinot Meow. Villäicht ass dat eng Geleeënheet mat sengem Hausdéier unzestoussen. Et ass e spezielle Kazewäin. Keng Angscht, et muss een net fäerten dass d'Kaz dono voll duerch Stuff trëllt. Et ass natierlech keen Alkohol am Wäin.
A wa mer scho bei de Kaze sinn, fir si gëtt et esouguer eng speziell Kazeklapp déi déi richteg Kaz virun der Dier erkennt an dann duerch eng Schell annoncéiert dass Kaz ënnerwee ass.
Also scho mol d'Fudder parat halen.

Wien vill mam Hond spadséiere geet, an um Enn wësse wëll wéi vill Kalorien Déier dann elo verbraucht huet dee kann dem Mupp e sougenannte Fitnesstracker kafen. Et ass en Halsband dee Schrëtt, Vitess a Pausen zielt. Et ass net vill anescht wéi bei enger Smartwatch beim Mënsch.

A wa mer scho bei der Fitness sinn. Wien säin Hausdéier a Beweegung hale wëll dee kann ob déi sougenannte Smart sich no Fudder zeréck gräifen. Et gëtt eng Zort Pads un deenen Déier riche kann. Hei erkennt et dann ob do e Leckerli dran ass. Am beschten déi Saachen am ganzen Haus verdeelen a scho kann engem säin Hausdéier sech eleng beschäftegen.