Lëtzebuerg krut ee neie Ries: Um Kierchbierg gouf elo dat éischt Gebai dat déi 110 Meter Grenz knackt, offiziell ageweit. Mee wéi héich sinn d'Héichhaiser hei am Ländchen? D'Julie Dupont huet der fir eis zesumme gesicht.

20/09/2019 Dei hechst Gebaier hei zu Lëtzebuerg

Mer starten um Belval, méi genee bei der Maison du Savoir vun der Uni.lu. 84 Meter geet et do an d'Luucht, an d'Gebai besteet aus dem Rez-de-chaussée, 18 weidere Stäck an engem zo usätzleche Stack wou d'Technik sech verstoppt. An der
Maison du Savoir fënnt een nieft der Uni.lu och nach d'Fondation Restena, oder och de Fonds national de la recherche.

Mär maache een éischten Tour op de Kierchbierg. Hei ginn et zwar eng ganz Rëtsch Héichhaiser,  wéi zum Beispill d'RTL City, mee déi hunn "nëmmen" 65 Meter. Den "Tour Alcide de Gasperi", streckt sech och 84 Meter an d'Luucht. "D'Héichhaus", wéi d'Gebai laang am Volleksmond genannt gouf ass dat eelst Héichhaus hei an eiser Lëscht. De 24. Oktober, 1966 gouf et zesumme mat der rouder Bréck ageweit.

Mär sprangen erëm zréck op de Belval fir déi 2 nächst Bauten. Déi zwee Héichiewen um Belval hunn 85, respektiv 93 Meter. Och wann dëst keng Héichhaiser sinn, hunn se et awer verdéngt hei opgelëscht ze ginn. Méi wéi 100 Joer hunn déi 2 Konstruktioune schonn um Bockel a sinn ee festen a wichtegen Deel vun eiser Geschicht. Dofir goufen se och am Joer 2000 ënner Denkmalschutz gesat.  

Eist Hin an Hier ass nach net fäerdeg: et geet erëm, dir wësst et wahrscheinlech schonn, op de Kierchbierg. Do stinn eis Top 3 vun den héchste Gebaier hei zu Lëtzebuerg direkt beieneen a gehéieren och zesummen.
Op der 2. Plaz stinn déi zwee Tierm vum Europäesche Geriichtshaff. Déi 2 gëlle Kolossen hu stolzer 95 Meter opweises, op deenen nieft dem Rez-de-chaussée nach weider 24 Stäck ze fanne sinn, plus 2 Technik-Stäck.
Iwwerbuede goufen déi 2 dann elo vun hirem nach ganz neiem Drilling: schwaarz a gëllen ass en, an huet mat sengen 112 Meter ganz nei Héichten hei zu Lëtzebuerg erreecht.