Hutt dir schonn mol eppes vun engem sozialen Jetlag héieren? Et ass 85 prozenteg méiglech dass der esouguer selwer drënner leit. An eng schlecht Nouvelle: Et wierkt sech zimlech negativ op är Gesondheet aus. Ma wat ass iwwerhaapt e sozialen Jetlag a wéi kann een sech dann do virdru schützen? Michèle?

19/09/2019 Sozialen Jetlag - Sidd dir och betraff?

Wiem geet et dann nach esou? Et ass Freideg Owend, et kann ee méi laang opbleiwen, a Samschdegmoies esou richteg entspaant ausschlofen. Et ass dach immens gemittlech net duerch de schrille Wecker dann zu enger onmënschlecher Zäit aus dem Déifschlof gerappt ze ginn, oder? De Weekend ass jo schliisslech do fir auszeschlofen, nee?
Falsch! Ween de Weekend spéit an d'Bett geet an dann och nees méi spéit opsteet, dee leit un engem sozialen Jetlag a riskéiert domat Problemer mat der Gesondheet ze kréien. dëst hu Fuerscher elo erausfonnt. 
Ronn 85% vun eis leiden ouni et ze wëssen un dësem sozialen Jetlag. D'Risikogrupp sinn déi déi de Weekend spéit schlofe geet an och den aneren Dag ausschléift. De Schlofdefizit, deen sech ënnert de Woch sammelt muss jo schliisslech nogeholl ginn. Mee Stop! Ween dëse Schlofrhythmus ënnerbrécht, deen ass séier schlecht gelaunt a chronesch midd, an dat nennt ee sozialen Jetlag.
D'Symptomer kléngen t'éischt mol nach harmlos, ma kënne laangfristeg Gesondheetsproblemer ausléisen. Mat all Stonn Jetlag, geet de Risk op Häerzinfarkt ëm 11% an d'Luucht. Dës Resultater weisen och drop hin dass e gereegelte Schlofrhythmus eng wichteg Roll an eiser Gesondheet spillt. Och Iwwergewiicht gëtt laut enger Etüd duerch en onreegelméissege Schlofrhythmus ëm 33% gefuerdert. Ausserdeem solle Leit déi vill Alkohol a Koffeinhaltegt Gedrénks consomméieren, oder fëmmen, mat gréisserer Wahrscheinlechkeet u sozialem Jetlag leiden, wéi de Rescht vun der Populatioun.   
Well dee sozialen Jetlag enger Reessituatioun gläicht, huet en och dee selwechten Numm. Déi Betraffe liewen hiert Liewen bal an zwou verschiddenen Zäitzonen, wann een d'Schlofzäit mat der interner biologescher Auer vergläicht. Sozial Ëmstänn wéi Schoul zum Beispill zwéngen eis komplett géint de Rhythmus opzestoen a just de Weekend kënne mer genee esou an- an ausschlofe wéi mer wëllen. De Psycholog Till Roenneberg, vun der Uni München proposéiert dohier dass sech virun allem d'Haltung vun der Gesellschaft ännert, wat de Schlof ubelaangt. Schoul an Aarbechtszäite sollten der biologescher Auer ugepasst ginn.
Schoul oder schaffe wéini mer wëllen? Dat wär dach mol Eppes, nee?