Si kann et net loossen. No iwwer honnert Filmer stoung d'Sophia Loren am Summer schonn nees virun der Kamera - fir hire Bouf, de Regisseur Edoardo Ponti, huet se d'Haaptroll am Film "La vita davanti a sé" gespillt, eng Buchadaptatioun déi 1978 schonn mol als "Madame Rosa" en Oscar krut. Haut feiert déi italienesch Filmdiva hire 85te Gebuertsdag a weist op en Neits, dass d'Göttinen um Ecran keen Alter kennen, Michèle?    

20/09/2019 D'Sophia Loren kritt 85 Joer

Zanter Joren ass d'Sophia Loren de liewege Beweis fir de Sproch, dass Sex-Appeal a Schéinheet näischt mam Alter ze dinn hunn. Am Alter vun 72 Joer huet se nach am Negligé fir de Pirelli-Kalenner poséiert. "Sex-Appeal" huet een zu 50% - de Rescht läit an der Fantasie vun deem deen observéiert - sot se emol.
Dass hir Nues anscheinend soll ze laang an de Mond ze grouss sinn, an hir souguer eng Schéinheet-Op proposéiert gouf, huet se schonn a jonke Joren net interesséiert.    
D'Carrière huet hir Recht ginn: Ganz fréi huet se nieft dem Cary Grant, Clark Gable, Peter Sellers, Frank Sinatra an aneren Hollywood Legende gespillt, a ganz éierlech, esou muncher huet se carrement widder d'Mauer gespillt.
1991 ass d'"La Loren" fir hiert Liewenswierk mat engem Oscar ausgezeechent ginn an huet einfach weider gemaach. Vun hirem traditionelle Rolleklischee hat se sech du scho laang emanzipéiert an mol eng bleech a verzweiwelt Hausfra gespillt, oder esouguer hir eege Mamm.
D'Sophia Loren kënnt aus aarme Verhältnisser. Den 20. September 1934 ass se als Meedercherskand als Sofia Villani Scicolone zu Roum op d'Welt komm an ass zu Pozzuoli bei Neapel opgewuess. Hire Papp wollt näischt vun hir wëssen an d'Sofia ass an der Schoul gemobbt ginn. Eigentlech wollt se Léierin ginn, ma hir éiergäizeg Mamm huet se deemools scho beim Film gesinn.
Mat 14 Joer huet se bei engem Schéinheetsconcours matgemaach - an dat war den Ufank vun enger impressionnanter Carrière. Bei Dréiaarbechten huet se 1953 den deemools 22 Joer méi ale Filmproduzent Carlo Ponti kennegeléiert an sech an e verléift. Hien huet der jonker Schauspillerin beim internationalen Duerchbroch gehollef, gouf hire Mentor, Mann a Papp vun hiren zwee Bouwen Carlo Junior an Edoardo. De Marriage huet bis bei den Dout vum Carlo Ponti 2007 gehalen. 
The Pride and the passion, Houseboat, Matrimonio all'italiana, oder Arabesque gehéieren zu hire bekanntste Filmer. Fir hir Roll vun enger jonker Witfra a Mamm während dem Krich an Italien "La Ciociara" krut se 1962 en Oscar.
E Joer drop huet se am "Ieri, Oggi, Domani" a Strapsen de Paschtouer Marcello Mastroianni vum Zölibat ofgehalen. Laang Zäit waren déi zwee d'Dramkoppel um Ecran iwwerhaapt.
Niewebäi huet d'Sophia Kachbicher geschriwwen, Brëllen designt, Schmock a Parfum gemaach an ass wéinst Steierbedruch 1982 18 Deeg am Prisong gelant. Beléift ass se trotzdeem.

Hire Motto: Schéinheet kann ni schueden, mee et muss ee méi si wéi dat: et muss ee stralen, witzeg sinn an et muss ee säi Gehir benotzen - wann een eent huet!