Dat behaapt eng Etüd vun der Universitéit vun Ulm. Wie reegelméisseg puzzelt, bei deem geet de Risiko, fir eng Kéier Alzheimer oder Demenz ze kréien, erof.

24/09/2019 Puzzelen ass gesond

Och als Erwuessenen rentéiert et sech, sech mat deene klénge Stécker ze ameséieren. Wie Gedold huet, gëtt mat enger besserer mentaler Gesondheet belount. Dat ass d'Resultat vun enger Etüd vun der Universitéit vun Ulm. Iwwer en Zäitraum vu 50 Joer goufen 100 gesond Erwuessener begleet. Puzzelen wierkt sech positiv op d'Mënschen aus, wa se ufänken al ze ginn, andeems et zum Beispill Kuerzzäitgediechtnes trainéiert. Wien dee Gehir-Jogging iwwer Joren an reegelméisseg praktizéiert, dee ka sech viru geeschtege Problemer am Alter schützen.

© Pixabay

Andeems een déi kleng Stécke sicht a fënnt, ginn déi zwou Halschenten vun eisem Gehir gefuerdert. Beim Sortéieren musse mer logesch virgoen, dobäi schafft déi lénks Säit vum Gehir. A wa mer de Puzzle zesumme leeën, ass déi riets Halschent gefrot, well do sëtzt eise kreativen Zentrum. Wa béid Säiten mat Succès zesumme kollaboréieren, da schaffen och d'Gehirzellen méi staark a méi effizient. Dat féiert dozou, dass mer eis besser konzentréiere kënnen. Donieft verbessert d'Puzzelen eis Fantasie, mer si besser gelaunt, an et berouegt, eppes wat Leit mat héijem Bluttdrock zegutt kënnt. Wie reegelméisseg puzzelt, kann Alzheimer an Demenz virbeugen.

Ee richteg grousse Puzzle ass awer guer net esou einfach zesummen ze kréien. Ufänger sollte mat engem mat 500 Stécker ufänken a sech lues a lues erop schaffen. An deen heiten Trick geet ëmmer: d'éischt de Rand zesumme setzen, an d'Stécker no Faarwen a Formen sortéieren, da léist een de Puzzle logesch a mat System.