Wéi d'Handyen virun 20 Joer a Moud komm sinn, war d'Stralung vun de klengen agebaute Sender eis gréisste Suerg. Deemools huet een sech gefrot ob ee vum telefonéiere Kriibs kéint kréien... Passéiert ass net vill, an awer hu mer haut méi Gesondheetsproblemer am Zesummenhang mam Smartphone wéi mer mengen. An och déi stellen déi Betraffen an och d'Doktere viru ganz nei Erausfuerderungen. Michèle?

24/09/2019 Handy Krankheeten

Den Handy ass net méi ewechzedenken... Mam Smartphone quatschen, mailen, chatten, dat schwächt net nëmmen den Akku, ma och eis Gesondheet. 6 typesch Handy-Krankheete ginn et mëttlerweil schonn:

1. Smartphone-Akne

Wann ee beim Stéchwuert Krankheetserreeger just u Klenschen oder Toilettendeckelen denkt, dann iwwersäit een eng ganz hannerhälteg Brutplaz vu Bakterien an anere Keimen. Fir eng Etüd hu Fuerscher Ofstrécher vum Handydisplay gemaach an hu Staphylokokken, Streptokokken an aner potenziell Erreeger fonnt. All 6ten Handy ass mat Spure vu Fäkalie belaascht, well vill Leit et mam Hännwäschen net eescht huelen. Méiglech Suitten si Pickel, Akne an Hautreizungen op deene Platze wou den Telefon widder kënnt, oder well ee mat den infizéierte Fanger duerch d'Gesiicht fiert. De reelle Problem ass hei net den Apparat, ma de Manque un Hygiène, dofir sollt een éischtens d'Fangerwäschen net vergiessen, an och vun Zäit zu Zäit den Display mat engem antisepteschen Duch ofbotzen.    

2. Tel-bou oder Handy-Ielebou

Problemer mam Ielebou trieden normal bei Tennisspiller op, ma Leit déi vill telefonéieren kéinten och betraff sinn. Symptomer déi sech hei bemierkbar maache sinn: e Kribbelen ënnen am Aarm, e steift Ielebougelenk, esou wéi kee Gefill méi am klenge Fanger. Medezinner schwätzen hei vum Kubitaltunnel-Syndrom, och Cellbow genannt, zesummegesat aus den englesche Wierder Cell Phone an Ellbow. Den Ielebou ass net dofir gemaach fir dauernd an enger gebéiter Haltung ze bleiwen. ma genee dat passéiert beim Telefonéieren, wann een den Handy un d'Ouer hält. E Kopfhörer wär hei d'Léisung, wann dat net geet, sollt een op mannst all zwou Minutten d'Säit wiesselen an den Aarm entlaaschten. 

3. SMS-Daum

Nach en orthopedesche Phenomen, wat dem Cellbow gläicht an et fréier ni gouf, mecht sech duerch Péng am Daum bemierkbar. An enger spuenescher Klinik si Patienten op dee Sypmtom ënnersicht ginn an et gouf erausfonnt dass dat heefegt Tippe vun Sms a Mailen d'Ursaach ass. Aus dem Grond gëtt dat Ganzt als SMS-Daum bezeechent. Hei sollt een op de Sproochassistent zeréckgräifen an iwwer Voicemail kommunizéieren, déi sech bei Déngschter wéi Whatsapp oder Messenger ouni Problem verschécke loossen. Nach zwee Virdeeler: et spuert een Zäit an et kann ee méi Daten iwwerdroen.

4. Youtube-, iPhone- oder Video-Schëller

Péng an der Schëller? Dann ass d'Wahrscheinlechkeet grouss dass der ze vill Videoe kuckt, an den Handy eng laang Zäit an enger onbequemer Positioun queesch an den Hänn haalt. Dat féiert zu enger Verspanung an der Schëller. Och hei sollt een d'Haltung ëmmer nees wiesselen an déi betraffe Schëllerpartie mat enger Antirheumacrème areiwen. Ass d'Péng no zwou Wochen nach net ewech, da sollt ee bei den Dokter.

5. Handy-Nuque

Tippen, surfen, spillen, alles dat kann och der Nuque schueden, well wat ee méi de Kapp no vir béckt, wat méi eng grouss Kraaft op d'Halswierbelseil wierkt. Beim Bléck op den Display laaschten ongeféier 27 Kilo op de Wierbelen, Muskelen a Bänner. Suite ass  déi sougenannten Handy-Nuque, eng Iwwerlaaschtung vun de Muskelen an deem Beräich. Och hei kënne laangfristeg Schiet a chronesch Péng, esouguer d'fréizäitegt Ofnotze vum der Halswirbel entstoen. Hei sollt een Übunge mat der Nuque maachen an de Kapp manner no vir halen fir de Problemer entgéintzesteieren. Nach Besser: Leet den Handy op d'Säit a schreift mol nees eng Kéier e Bréif op der Hand! 

6. Handy-Sucht oder MAIDS

Wie schonn nervös gëtt, wann en den Handy doheem vergiess huet, den Akku eidel ass, oder keen Netz huet, oder wien den Handy dauernd an der Hand huet fir ze kontrolléieren op eng Nooriicht komm ass, oder ob een ugeruff huet, dee kann dovun ausgoen dass en un enger Sucht, oder MAIDS - Mobile and Internet Dependency Syndrome leit. Heefeg gehéieren Depressiounen an Zwangsstéierungen zum Krankheetsbild derbäi. Hei sollt ee versichen Handy-fräi Zäiten an den Dag z'integréieren an testen op speziell Situatiounen net och ouni Smartphone ze packe sinn. Ass dat onméiglech, sollt ee bei en Dokter oder e Spezialist an eng Therapie maachen.