Digital an online schaffen, ass fir déi meescht hautdesdaags ganz normal. Gläichzäiteg geet hei awer och e grousse Stresspotenzial ervir, wéi eng Etüd elo bewisen huet. Ob dat elo ass, dass ee permanent erreechbar ass, vun Informatiounen iwwerschott gëtt, oder d'Gefill komplett transparent ze sinn, vill Leit fillen sech duerch d'Digitaliséierung belaascht oder esouguer staark gestresst. Dat bleift net ouni Suitten souwuel fir d'Gesondheet vum Aarbechter wéi och fir de Chef. Michèle? 

26/09/2019 Digitale Stress

E Groussdeel vun eisem Liewe spillt sech mëttlerweil an der digitaler Welt of. Och am Beruff. Dat gëllt net nëmme fir héichtechnologesch Branchen, an deene vernetzte Maschinnen, kënschtlech Intelligenz a Co zouhuelen, ma och am normale Bürosjob leeft haut näischt méi analog. Digital an online ze schaffen, ass fir déi meescht ganz normal. 

Mee watfereng Suitten huet dat? Den Afloss vun digitalen Technologien a Medien op d'séilescht Wuelbefanne steet ëmmer nees an der Diskussioun.
Fir de Projet PräDiTec hu Fuerscher elo 5000 Mënschen zu dësem Thema befrot. Si wollte Wëssen, wat d'Ausléiser vun digitalem Stress sinn a wéi staark deen d'Leit belaascht.
 
Bei de Resultater hunn sech 12 wesentlech Punkten ofgezeechent. Do huet de Smartphone zum Beispill dozou gehéiert, den Emailverkéier an d'Gefill permanent erreechbar ze sinn an och séier reagéieren ze mussen.

Vill Leit ginn och mam Informatiounsfloss net eens a mengen dass wat méi Informatiounen erakommen och méi séier muss geschafft ginn. 

Eng aner Belaaschtung ass och d'Ënnerbriechung an d'Oflenkung duerch digital Medien. Vill Leit fillen sech hei wéi eng gliese Persoun, an duerch d'berufflech Notze vun digitale Medie wär hir Privatsphäre a Gefor. Och déi méiglech Leeschtungsiwwerwaachung spillt an dësem Zesummenhang anscheinend eng grouss Roll.

Impressionnant ass dass all drëtte Befroten bei dëser Ëmfro op mannst engem vun deenen dräi Faktoren ausgesat ass a bal all fënneften spiert doduerch ganz staarke Stress. Dës Zort vu Belaaschtung kann sech laangfristeg op d'Gesondheet auswierken, esou ass bekannt dass chronesche Stress, Aggressivitéit, Middegkeet, psychesch Problemer an esouguer Erkrankunge vum Muskel-Skelett-System fuerdert.
 
Och fir de Chef bleift dat natierlech net ouni Suitten. Leit mat staarkem digitale Stress bekloen sech méi dacks dass se Problemer hu fir vun der Aarbecht ofzeschalten. Si denke méi dacks dru fir de Beruff ze wiesselen, a brénge méi eng schlecht Leeschtung.

Richteg Organisatioun a sozial Faktoren kéinten dem digitale Stress entgéintwierken. Dozou gehéiert zum Beispill e gréisseren Spillraum fir Aarbechts-relevant Decisiounen, esou wéi och eng gutt Relatioun mat de Virgesaten.