De Mënsch ass e Gewunnecht-Déier, dacks maachen dës eis och glécklech. Ma d'Gehir gëtt doduerch méi kleng.

25/09/2019 Yoga verännert Gehir

Genee am Kapp geet et un wann et drëms geet seng Gewunnechten ze änneren.
Enger Hollännescher Etüd no kënne mer mat nëmmen Enger Gewunnecht eist Gléck- oder Ongléck-Gefill veränneren.

Yoga oder Meditéiere kann dozou bäidroen. Béides huet e gudde Ruff, reduzéiert de Stress a "pusht" Konzentratioun. Och d'Muskelen an d'Gelenker gi gebraucht. Dowéinst bauen dës sech op.
Ma wat kann een um neurologesche Wee erausfannen? Wéi wierkt dat ganzt sech op eist Gehir aus? Et goufen also Leit ënnersicht déi reegelméisseg Yoga maachen.
Si goufen zu hire Gewunnechte befrot. Liewensastellung, wéi vill Stress se hunn an aner Kritären. Duerno goufen se an en MRT geschéckt. Bei 2400 Leit goufen déi gro Zellen direkt e puermol am Joer gemooss. Et wollt ee Changementer dokumentéieren.
Erauskomm ass dass bei de Leit déi Yoga maache, méi e klengen Angschtzentrum hunn. Bei de Leit déi ni Yoga maachen ass dat net de Fall. A genee dat kéint de Grond dofir sinn, dass Yoga glécklech mécht.
Mat anere Wieder: Bei Leit déi reegelméisseg meditéieren ass d'Gehir-Regioun déi fir d'Angscht a Roserei verantwortlech ass, manner ausgepräägt wéi bei den Aneren.
Regioun am Kapp déi fir Freed, Optimismus an Erënnerungen zoustänneg ass, zielt dat awer net.

Leit déi Yoga maache kréien zwar Stress, kënnen awer besser domat ëmgoen.
Et ass eben d'Übung déi et mécht.
Wien deemno nach ni Yoga oder Ähnleches gemaach huet, dee kann et jo mol probéieren. Nieft der Ustrengung wäert ee séier mierken dass iergendeppes Entspaantes un der Saach drun ass.