Schaffen vun Doheem aus, ass praktesch. Et brauch ee sech net an de Stau ze stellen an et kann ee méi flexibel schaffen. An awer huet den Home Office seng Nodeeler, e kann esouguer krank maachen.

26/09/2019 Télétravail kann och krank maachen

De Problem beim Télétravail: gereegelt Aarbechtszäiten sinn éischter seelen. Eng däitsch Gesondheetskeess huet eng Ëmfro gemaach an e Véirel vun deenen, déi vun doheem aus schaffen, sinn der Meenung, dass se an den eegene véier Maueren méi konzentréiert kënnen schaffen, zwee Drëttel soen awer och dass se sech méi oplueden ewéi am Betrib. An engems gëtt gewarnt: dat flexibelt Schaffen ka psychesch Belaaschtunge verstäerken, et kënnt zu Middegkeet, Konzentratiounsproblemer a Schlofstéierungen.

Experten soen dass ee Problemer vun der Aarbecht mat heem hëlt a vun do aus dru weider schafft, well d'Aarbecht zu all Moment erëm ka weidergoen. Wien doheem ëmmer erëm fir d'Aarbecht beim Computer sëtzt oder mam Handy d'Emailen vun der Schaff liest, deen ass méi nervös an och méi séier gereizt ewéi d'Kollegen, déi no der Aarbecht ofschalten. Bal all Fënneften gesäit den Home-Office als Belaaschtung. Beruff a Famill géinge sech méi schlecht ënnert een Hutt kréie loossen. Dräi Véirel hunn d'lescht Joer iwwer Middegkeet geklot. An e weidert Resultat aus der Etüd dierft och de Grond sinn: all Drëtten schafft dacks och owes oder iwwer de Weekend.

D'Grenzen tëscht dem Beruffs- an dem Privatliewen si net méi ginn. Leit, déi vun doheem aus schaffen, schalten Owes an an de Vakanzen net méi esou gutt of. Dat Resultat kann awer och mam Job selwer zesummenhänken: Télétravail maache jo gréisstendeels déi, déi op engem Büro schaffen, Handwierker kënnen hir Aarbecht net mat Heem huelen. An Däitschland kritt een den Ament a ronn 40% vun den Entreprisen d'Méiglechkeet, sech säi Büro doheem ze installéieren. An Holland an a Schweden mécht esouguer scho méi wéi all Drëtten Télétravail, virun allem Persounen déi an Informatiouns- a Kommunikatiounsberuffer schaffen, esou wéi a wëssenschaftlechen an technesche Beräicher. Et heescht awer och den Home-Office géif méi zefridde maachen, well een dobäi net vu Kollegen gestéiert gëtt. Ëmmerhinn fillt sech all Zweeten duerch anerer um Büro gestéiert.