Haut viru genee 50 Joer huet déi éischt Concorde d'Schallmauer duerchbrach. De Fliger war mat iwwer 2'000 Kilometer an der Stonn iwwer de Wolleken ënnerwee. De leschte Vol vun enger Concorde war viru 16 Joer. Obwuel se deemools net méi rentabel waren, sinn d' Iwwerschall-Fligeren sinn awer nach laang net passé.

01/10/2019 Nei Iwwerschall-Fligeren

Zanter fënnef Joer plangt eng amerikanesch Entreprise eng Editioun vun der Concorde. D'Firma 'Boom' schafft um verbesserten Superjet, dee mat ronn 2'300 Kilometer an der Stonn 2,6 Mol méi séier ewéi e normale Fliger soll sinn. D'Maschinn heescht 'Ouverture', bitt Plaz fir 55 Passagéier a soll méi sécher, méi profitabel a méi ëmweltschounend sinn ewéi déi klassesch Concorde. Eng besser Aerodynamik an Triibwierker suergen dofir dass den Ausstouss vun CO2 net méi héich wäert sinn ewéi bei engem normale Passagéierfliger. De Kerosinverbrauch soll am Verglach mat der Concorde ronn 30 Prozent manner ginn.

En Ticket fir e Vol vu London op New York wäert ongeféier 5'000 Dollar kaschten. Nach dobäi soll d'Ouverture manner haart ginn wa se Iwwerschallgeschwindegkeet erreecht: de Kaméidi, dee si mécht wa se d'Schallmauer duerchbrécht, soll bei 85 Dezibel leien, wat esou haart ass ewéi d'Geräischer op enger Haaptverkéiersachs. Mëtt den 2020er solle mer kënne mat der Ouverture fléien, an elo schonn ginn et 30 Virbestellungen fir de neien Iwwerschall-Fliger, obwuel deen e Präis vun 200 Milliounen Dollar wäert hunn. Eng Testversioun vun der Ouverture soll nach dëst Joer ofhiewen.

A nach een Iwwerschall-Fliger deet den Ament vu sech schwätzen: eng britesch-australesch Maschinn mam Numm 'Sabre'. Déi soll Mëtt den 2030er Joren fléien an zwar mat enger neier Rekord-Vitess. Da soll et méiglech sinn bannent nëmmen 4 bis 4 an enger hallwer Stonn vu London an Australien ze fléien. An dat mat enger Vitess vu Mach 5, wat fënnef mol méi séier ass ewéi de Schall. D'Concorde war emol net hallef esou séier ënnerwee.

© Pixabay