Fälschungen zirkuléieren ëmmer méi an Europa. Engem Rapport vun der Europäescher Kommissioun no, hunn d'Douannen d'läscht Joer 17 Milliounen där Artikelen saiséiert, an engem Wäert vun 740 Milliounen Euro. 

02/10/2019 Fälschungen- e grousse Problem

Et goufen 2018 méi gefälschten Artikelen aus dem Verkéier gezunn ewéi dat Joer virdrun, ënnert anerem well ganz vill Wueren mat der Post verschéckt oder Päck heem geliwwert ginn. Am meeschte gefälscht ginn nach ëmmer Zigaretten, déi maache 15% vun deene Saachen aus, déi konfiskéiert ginn. Dono komme Spillsaachen, mat 14% a Verpackungen mat 9%. Etiketten an Autocollanten fir Marke-Nimm ze fälschen, maachen 9 Prozent aus a Kleeder 8%.

Hiren Ursprong hunn déi gefälschte Saachen virun allem a China, direkt hannendrunner kënnt Indien.  Vun do kënnt am meeschten Informatik-Material, aus der Tierkei gëtt virun allem Gedrénks agefouert, gefälschte Parfumen a Kosmetik. Am meescht gefälschten Alkohol kënnt aus Nord-Mazedonien, Zigaretten kommen aus dem Kambodscha, an d'Verpackungen aus Bosnien-Herzegowina. An 90% vun de Fäll ginn déi konfiskéiert Artikelen zerstéiert, mä a 4% kommen se awer erëm an den Ëmlaf, well sech erausstellt, dass et awer Originaler sinn. 13 Secteuren an der Economie verléieren all Joer 60 Milliarden Euro duerch Fälschungen.A net nëmmen dat- och geschaten 435'000 Aarbechtsplazen sinn duerch illegal Kopien an Europa verluer.