Awer net fir dass de Won besser fiert, mä fir de Chauffer ze iwwerwaachen. An Australien setzen se elo e neie System an, deen d'Autosfuerer soll dovunner ofhalen, hiren Smartphone iwwer dem Fueren ze benotzen.

02/10/2019 Kënschtlech Intelligenz am Verkéier

Am australesche Bundesstaat New South Wales gëtt mat där neier Technologie géint d'Autosfuerer virgaangen, déi sech net un d'Reegelen halen. De System schafft mat Kameraen, an déi Biller gi mat Hëllef vu kënschtlecher Intelligenz ausgewäert. Doduercher solle schwéier respektiv déidlech Accidenter verhënnert ginn. Et handelt sech ëm zwou Kameraen, vun deenen déi eng d'Nummereschëld erfaasst, an déi zweet (op enger méi héijer Positioun) registréiert wat de Chauffer an de Bäifuerer mat hiren Hänn maachen. Esou gëtt erkannt ob d'Leit am Auto en Telefon am Grapp hunn, a wann dat esou ass, schléit de System Alarm.

Bei engem groussen Test hunn zwee vun deene Kamera-Systemer bannent 6 Méint net manner ewéi 8 an eng hallef Millioun Autoen iwwerpréift an dobäi méi ewéi 100'000 Automobilisten in flagranti erwëscht. Da gëtt et e Protokoll an enger Héicht vun 212 Euro an et ginn zousätzlech Strofpunkten. Bis Enn Dezember sollen am Ganzen 45 där Systemer funktionéieren, een Deel dovunner ëmmer fest op enger Plaz, en aneren gëtt mobill agesat. Bis 2023 solle ronn 135 Milliounen Kontrollen gemaach ginn.

D'Firma, déi se System entwéckelt huet, gëtt elo an Indien aktiv. Ob d'Technik iergendwann och kéint an Europa an den Asaz kommen, ass nach net gewosst.