Burger ouni Fleesch ginn et der ëmmer méi. Beyond Meat zielt zu de bekanntste Firmen déi e fleeschähnleche Burger, ouni Fleesch natierlech, op de Marché bruecht hunn an ass natierlech op der gréisster Liewensmëttel-Foire vun der Welt op Besuch. Op der Anuga zu Köln fënnt een nieft Beyond Meat awer och aner Kreatiounen déi d'Gehacktes vum Burger verdreiwe wëllen.

09/10/2019 Beyond Meat a méi: ëmmer méi Burger ouni Fleesch

Mat awer deels komplett anere Philosophien.

09/10/2019 Burger 1

Dowéinst huet den Ulrich Glemnitz, ee vun de Chefe vum vegane Restaurant Bunte Burger zu Köln, dann do léiwer seng eege Kreatiounen zerwéiert. Bunte Burger sinn nach komplett nei an der Zeen, probéieren awer duerch d'Foire zu Köln hir Wuer och an d'Regaler vun de Supermarchéen ze kréien.

09/10/2019 Burger 2

Beyond Meat aus den USA gi komplett anescht un d'Saach erun. De Will Schafer, Vize-Chef vum Marketing bei Beyond Meat, setzt op de Goût vu Fleesch. An dat schéngt opzegoen; d'Firma huet sech mat Succès etabléiert.

09/10/2019 Burger 3

Si gesinn et also wéi Planzefleesch bei deem een d'Déier einfach aus dem Spill erausgeholl huet. Dat aus ethesche Grënn wéi zum Beispill d'Hale vun Déieren an dem Gedanken un d'Ëmwelt. An elo soll den nächste Produit, Beyond Sausage, de Succès widderhuelen an d'Zoossissen attackéieren.

09/10/2019 Burger 4

De Geroch, de Geschmaach an d'Textur soll d'selwecht wéi bei enger Zoossiss sinn. Um Niveau vun der Nutritioun gouf sech un der normaler Wurscht orientéiert, allerdéngs ouni déi negativ Deeler wéi Cholesterol a saturéiert Fettsaieren, seet de Will Schafer.

09/10/2019 Burger 5

Dat wieren also zwou Méiglechkeeten de Fleeschkonsum e bëssen ze reduzéieren.

D'Homepage vun der Anuga

D'Homepage vu Bunte Burger

D'Homepage vu Beyond Meat