Eng Stad an Ëmweltschutz- déi zwou Saache kënne ganz gutt beienee passen. Et geet also och ouni Loftverschmotzung a mat engem klimafrëndlechen Zil. E Ranking  vum 'Cities In Motion'-Index weist, wéi eng Stied ganz vir bäi sinn. 

08/10/2019 Déi ëmweltfrëndlechst Stied vun der Welt

An den Top Ten fënnt een zum Beispill Singapur, awer och Asunción, d'Haaptstad vum Paraguay: Also ee vun de räichste Staaten vun der Welt, dee net nëmmen a Saachen Technologien an Innovatioun, mä och wat den Ëmweltschutz ubelaangt, d'Nues vir huet. Do virdrunner kënnt d'Stad laanscht de Rio Paraguay, déi mat hire ville Parken a Gäert eng vun deen gréngsten op dësem Planéit ass. D'Plaz Nummer 8 geet un Oslo, d'Haaptstad vu Norwegen. Iwwregens zielt déi ganz skandinavesch Regioun zu enger vun den ëmweltfrëndlechsten Géigenden. Genee ewéi Neiséiland, wouvunner mer Auckland op der Plaz 7 fannen. Esou just net an d'Top 5 gepackt huet et Tokyo, d'Haaptstad vu Japan an där bal 10 Millioune Leit wunnen. Nodeems déi japanesch Regierung decidéiert huet, eppes géint Äerderwäermung ze ënnerhuelen, goufe bannent 3 Joer 1000 Hektar nei gréng Anlagen an der Stad geplanzt.

Stockholm ass ënnert déi 5 Bescht komm. D'Gebuertsstad vum Greta Thunberg ass klimatechnesch e Virreider, Nohaltegkeet gëtt ganz grouss geschriwwen. Montevideo, op der 4 an d'Haaptstad vun Uruguay, gëllt als déi an där et sech am Schéinsten a Südamerika liewe léisst. Virun allem op d'Fauna an d'Flora vum Land gëtt do opgepasst.

© Pixabay

Ënnert den éischten 3 ass Kopenhagen, schonn zanter Joeren als klimafrëndlech Haaptstad vun Dänemark bekannt. An der Lescht deet se virun allem duerch eng Ski-Anlag op engem Dreckstipp vu sech schwätzen. Och Energieressourcen ginn optimal agesat. Esou gëtt et do zum Beispill en Haus, wat d'Luucht am Dag esouwuel notzt fir et hell ze maachen, ewéi och fir et waarm ze kréien. Wellington, d'Haaptstad vu Neiséiland, ass op der Plaz Nummer 2 gelant. Beim Wellington-Climathon zum Beispill, gi bannent 24 Stonnen esou vill Léisungen ewéi nëmme méiglech fir Klima-Problemer gesicht.

Déi onëmstridden Nummer 1 ass Reykjavik. Déi islännesch Haaptstad ass virun allem fir hir erneierbar Waasserquelle bekannt.

D'Fuerscher vun der 'Business School University of Navarra' ginn dëse Ranking all Joers eraus. An der Kategorie 'Ëmwelt' kucke se nom CO2-Ausstouss, de Methan-Emissiounen, der Méiglechkeet u Waasser ze kommen, erneierbaren Waasserquellen an nom Offall.

© Pixabay