E Monster sollt dem Sigourney Weaver den Duerchbroch bréngen! An dobäi war Ufanks e Mann fir de Film ''Alien'' virgesinn, deen dat schläimegt Ongeheier um Schluss eliminéiert. D'Marie Gales mat engem Mini-Portrait iwwert déi amerikanesch Actrice.

08/10/2019 An 100 Sekonnen: 70 Joer Sigourney Weaver

Déi mam richtegen Numm Susan Alexandra heescht a mat 1 Meter 82 Ufanks Ufanks beim Theater just Hexen oder Prostituéierter spillen duerft. Nom Film 'Alien' 1979, an deem si net hysteresch virum Monster fortgelaf ass an als Officer Ellen Ripley zur knallharder Action-Heldin gouf, war alles anescht.
 
4 Alien-Filmer koumen no, mat deem selwechte Succès an et gouf souguer fir ee vun den Horror-Filmer eng Oscar-Nominéierung. Sécher haten der vill geduecht dass d'Sigourney Weaver, deen Numm hat si sech zougeluecht fir eraus ze stiechen, éischter ganz usprochsvoll Rolle misst spillen, schliisslech hat si op renomméierten Unie studéiert. Mat engem Master of Fine Arts hat si 1977 hir éischt Roll am Woody Allen Film ''Annie Hall''.

Erënnert Dir Iech och nach u 'Ghostbusters', jo genee do war och déi amerikanesch Actrice nieft Bill Murray derbäi.  'Working Girl' kann een nach nennen, 'Gorillas in the mist', '1492 Conquest of Paradise', 'Copykill', 'The Village' oder 'Avatar'...
 
Zanter méi wéi 40 Joer am Filmbusiness koumen eng Rei Filmer zesummen an d'Sigourney Weaver léint och ëmmer nees hir Stëmm an Animatiounsfilmer aus, wéi a 'WALL-E' oder 'Finding Dorie'. Enger Rei Serien op der Tëlee huet si och hire Stempel opgedréckt, déi rezent ass déi amerikanesch Fantasy-Serie bei Netflix: 'The Dark Crystal: Age of Resistance'.

Zanter 1984 ass d'Sigourney Weaver mam Acteur a Realisateur Jim Simpson bestuet an si zwee hunn eng Duechter.