Léif Elteren, spillen är Kanner Fortnite?  Dat Videospill soll nämlech süchteg maachen, behaapten op alle Fall kanadesch Elteren an hunn elo d'Firma ugeklot, déi dëst Spill entwéckelt huet. De Raoul Roos huet dee Fall ënnersicht.

08/10/2019 Kanada: Eltere verkloe Fortnite

Fornite ass jo den Ament dat Videospill bei deene Jonken. Do ginn et och Weltmeeschterschaften bei deenen de Weltmeeschter scho mol 3 Milliounen Dollar gewanne kann.

250 Millioune Leit spille weltwäit Fortnite, d' Firma mécht domadder Milliarde Gewënner.

"Epic Games" hunn dat Spill entwéckelt a goufen eben elo ugeklot. Well, d'Spill géif provozéieren, dass d'Kanner süchteg ginn a se kéinten gesondheetlech a sozial Problemer kréien. Genee dat stéing eben net explizit um Spill.

Konkret geet et hei ëm e Fall vun zwee Kanner déi 10 a 15 Joer al sinn. Hir Eltere soen: "Wann do eng Warnung um Spill gestanen hätt, dann hätten eis Kanner dat net dierfe spillen oder mer hätten drop opgepasst wat se spillen!"

Et ass eng Affär déi et bis op dat iewescht Geriicht zu Quebec gepackt huet.

Do entsteet dann och elo eng ganz Diskussioun ronderëm d'Spillsucht: d'Weltgesondheetsorganisatioun huet jo souguer d'Spillsucht offiziell als Krankheet unerkannt. 2 bis 4 Prozent vun de Spiller wiere vun dëser Sucht betraff.

Als Virlag bei deem heiten gëllt eng Klo, bei där eng Tubakfirma hir Clienten net genuch virun de Risikoen gewarnt hätt. Ausserdeem wier esou Werbung am kanadeschen Quebec fir Kanner ënner 13 Joer generell verbueden.

D'Kand vun 10 Joer hätt all säin Täschegeld ausginn fir e Spill, wat u sech gratis ass an hätt och zanter Dezember 1900 Spiller gespillt. Bei deem vu 15 Joer kommen a knapp 2 Joer 7800 Spiller zesummen.

Elo ass et dann eben um Geriicht ze decidéieren, ob besser hätt misse gewarnt gi virun de Risikoen oder net.