Sidd der grad am Reen ënnerwee oder nach dobannen a wësst: gläich muss ech duerch de Reen rennen?

Dann denkt der iech och vläicht: fir déi puer Meter déi ech am Reen ënnerwee sinn, brauch ech kee Prabbeli, do lafen ech einfach derduerch.

Ass et iwwerhaapt eng gutt Idee da méi séier ze goen oder mécht dat kee Sënn?

De Raoul Roos huet sech déi Fro gestallt

09/10/2019 Duerch de Reen goen oder lafen? 07h20

Wéi sou dacks ginn et och hei nees Etuden driwwer:

den italienesche Physiker Franco Bocci huet doriwwer gefuerscht.

D'Äntwert muss ee soen ass net esou einfach:

Eng ganz Rei Facteure spille mat wéi zum Beispill de Reen selwer, also d'Gréisst vun den Drëpsen. Dann awer och de Wand an de Kierperbau.

Ugeholl et fisemt oder de Reen kënnt, wa kee Wand ass, vun uewen riicht erof: dann ass et besser, et geet een a sengem gewinnten Tempo weider. Eise Kapp an eis Schëlleren déngen dann als eng Zort natierlechen Daach a suergen dofir, dass de Rescht vum Kierper net vill naass gëtt. Am Nodeel sinn dann also Leit mat schmuele Schëlleren.

Wann een de Kapp net wëll naass kréien, dann ass et besser et leeft een. Pro Sekonn fält nämlech ëmmer déi selwecht Quantitéit u Waasser pro Fläch. Dat heescht: et hänkt dovun of, wéi laang een am Reen ënnerwee ass.

Mä de Reen fält jo net nëmmen op de Kapp. D'Berechnungen si relativ schwiereg, well eise Kierper jo net genee quadratesch ass oder ausgesäit wéi en Zylinder.

Vereinfacht kann ee soen: lues goen ass meeschtens déi manner gutt Iddi. Wann d'Reendrëpsen méi staark a méi schif erofkommen, wat ee méi séier soll lafen. Ausser wann de Wand vun hanne kënnt: da soll ee méi lues goen a sech dem Wand upassen, soss kritt een d'Box naass.

© Pixabay

Oder et denkt een fir déi puer Meter dann awer un de Prabbeli an et gëtt ee guer net naass.