Wien et haut net op déi 190 Euromilliounen ofgesinn huet, dee kann awer no de Stäre gräifen. Well elo ass d'Zäit vun den 'Draconiden'. ''

Déi nächst Nuechten sinn d'Hobby-Astronomen op de Been, well d'Draconiden sinn do... Esouguer richteg Stäreschnäize-Schaueren sinn ugekënnegt, mam Maximum vu ronn 10 Stäreschnäizen an enger Stonn. Natierlech nëmmen wann d'Wieder matspillt an d'Siicht fräi ass.

D'Draconiden si kleng Stécker vu Koméiten, an déi kënne mer nach bis den 10ten Oktober observéieren. Den absoluten Héichpunkt ass de 9ten Oktober.