Vill hëlleft net ëmmer vill. Dann huet een 10 Stonne geschlof, an awer fillt ee sech ewéi wann e Camion iwwert ee gefuer wier. Mir erklären u wat dat läit.

09/10/2019 Ze laang schlofen mécht midd

Et ass bal ewéi wann ee sech midd geschlof hätt. Et ass ganz normal, dass ee nom Erwächen nach e bësse nieft der Plack ass. Dee klénge geeschtegen a motoreschen Déif verschwënnt normalerweis bannent enger hallwer Stonn. Nëmmen wa mer wäit iwwer eis optimal Schlofdauer eraus schlofen, dauert deen Zoustand méi laang. Dat läit un eise natierlechen Cyclen am Schlof: déi wiesselen all Nuecht an engem Rhythmus vun annerhallwer Stonn, vun engem méi liichten an e méi déiwe Schlof. Wann ee vum selwen an ouni Wecker erwächt, geschitt dat meeschtens während enger Phas an där ee net déif schléift. D'Chancen sti gutt, fir da relativ séier waakreg a monter ze sinn.

© Pixabay

Wa mer da leie bleiwen a weider schlofen, ruinéiere mer dee Moment. Wann ee fir d'nächst waakreg gëtt, erwëscht een an enger Phas an där ee méi fest schléift. Gi mer do erausgerappt, reagéiere mer vun desorientéiert bis beniwwelt. A wa mer Moies vill méi laang schlofen, kënne mer erëm an e richtegen Déifschlof falen. Wa mer während deem waakreg ginn, fille mer eis ewéi net vun dëser Welt. Dat selwecht gëllt fir d'Mëttesrascht: dauert se eng hallef Stonn, ass alles an der Rei, bleiwe mer méi laang leien, kënne mer eis de ganzen Dag ruinéieren.

Iwwregens: wéi laang ee genee nuets musst schlofen, hänkt vu Persoun zu Persoun of. Am Beschten Dir lauschtert op Äre Kierper a probéiert (während engem Congé zum Beispill), wéini Der vum selwen erwächt.